18.05.2019 | Priisterwei vum Yves Olinger & Diakonewei vum Vincent De Smet

Video vun der Feier am Replay

E Samschdeg, den 18. Mee 2019, um Héichfest vun der Tréischterin am Leed, huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich den Diakon Yves Olinger zum Priister an de Seminarist Vincent De Smet zum Diakon fir d’Äerzdiözes Lëtzebuerg geweit. All Gleeweg waren häerzlech invitéiert un der Feier deel ze huelen.

kuckt hei d’Fotoe vun der Wei…

Den Yves Olinger ass zu Izeg opgewuess. No der Première am Stater Kolléisch huet hien um ISERP studéiert. Dunn huet hie wärend dräizéng Joer als Schoulmeeschter an der Stad geschafft, dovun déi meeschten Zäit zu Bouneweg, wou hien och gewunnt huet. No enger Aféierungszäit (Propädeutikum) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gouf hie fir d’Studium op Paräis an op Boston geschéckt. Zënter senger Wei zum Diakon den 10. November 2018 schafft den Yves Olinger als Diakon an der Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.


De Vincent De Smet kënnt vun Ettelbréck, wou hien och seng Schoule gemaach huet: Als éischt eng Léier an der Verwaltung, dono eng 13e Commerce. Uschléissend huet hien e Propädeutikumsjoer (Aféierungsjoer) am „Grand Séminaire de Luxembourg“ an der Stad gemaach. Vun do aus ass hien dunn an de Service vun den Abonnementer vum „Luxemburger Wort“ schaffe gaangen. No enger Rei Joren am Aarbechtsliewen ass hien am September 2014 an den iwwerdiözesane Priisterseminaire, Studienhaus St. Lambert zu Lantershofen bei Bonn geschéckt ginn, fir Theologie ze studéieren. Zënter September d’lescht Joer ass hien elo am Stage an der Par Musel a Syr Saint-Jacques, wou hien och wäert säin Diakonatsjoer maachen.


Kuckt och: Yves Olinger a Vincent De Smet: E Wuert am Virfeld vun hirer Wei

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement