Resultat vun der Meenungsëmfro vun der Kommissioun ’Fra an der Kierch’ vum Oktober 2019

D’Diozäsankommissioun " Fra an der Kierch " huet am Joer 2019 eng Ëmfro gemat zu villen Themen di d’Fraen an der kathoulescher Kierch betreffen.
D’Ëmfro gouf an den Kierchen ausgeluecht,an dem Marienland publizéiert,stung op cathol.lu an gouf op enger Konferenz zum Thema verdeelt.

Mir si frou hei d’Resultat vun dëser Ëmfro an enger Zesummefaassung ze présentéiren .

D’ Zesummefaassung vun der Ëmfro gouf ausgeschafft vum Här Roger Nilles an engem Grupp de travail aus der Kommissioun Fra an der Kierch: Damen Maggy Dockendorf, Anette Tausch, Dominique Von Leipzig, Jij Linster a Liliane Loos.

Dat ganzt Resultat fannt dir hei :

Klickt op d’Ikon w.egl

Hei e klengen Ausschnëtt

**An der 5. Fro konnt dir jo Reformen proposéiren :
5. Wéi eng Reformen an der Kierch gesitt Dir als iwwerliewenswichteg fir d’Kierch vu mar un . Mir hunn d‘Äntwerten a 6 Punkten opgedeelt:

1. d’Gläichberechtegung an der Kierch: Ee Véierel froen ausdrécklech Gläichberechtegung vu Fraen a Männer an der Kierch mat allem wat dat bedeit vun Diakonat a Priisterwei, woubäi och d’Leitungsfunktioun an de Paren iwwerduecht sollt ginn (an nees un d’Pluralitéit vun de Leitungsmodeller aus der fréierer Kierch sollt geduecht ginn). Op jidder Fall : Ewech vum Klerikalismus an nees bei eng geschwësterlech Verantwortung.

Vun den 111 Participant’en déi d’Gläichberechtegung vun de Fraen /Diakonat fir Fraen oder Priisterwei fir Fraen gefuerdert hunn waren 10 % Männer a 90% Fraen

Vun den 110 Männer déi matgemaach hunn ,waren 10% fir d’Gläichberechtegung vun de Fraen /Diakonat fir Fraen / Priisterwei fir Fraen

2. D’Ämter an d’Hierarchie an der Kierch
1/5 freet ausdrécklech dass den obligatoreschen Zölibat soll ofgeschaaft ginn, an dass d’Ämter mussen opgemaach ginn fir d’Fraen, - fir verschiddener all Ämter, fir anerer nëmmen den Diakonat-. Verschidde Stëmmen hunn d’Demokratie an der Kierch gefrot, (deen een oder aneren huet awer fonnt d’Kierch wär eben net demokratesch). Et misst een sech och em déi ‘verwaiste’ lokal Gemeinschaften këmmeren.

3. d’Moral an d’sexual Moral
Hei war wéineg Echo: just d’Integratioun vu gescheeten an erëm bestuete Koppelen gouf dacks gefrot, an e puermol d’Unerkenne vu gläichgeschlechtleche Koppelen an am allgemengen sollt den Ëmgang mat Homosexualitéit, an der Kierch iwwerduecht ginn.
4. Sozial Reform
Ganz seele gouf eng sozial Reform gefrot: d’Kierch soll op der Säit vun den Aarme stoen, an en oppent Ouer hu fir d’Problemer vun de Leit, och vun de Migranten, an un déi Leit denken déi eleng sinn am Liewen.
5. d’Reform vun der Kierch am allgemengen:
Do gouf de Kampf géint de Klerikalismus gefuerdert, eng synodal Kierch gouf gefrot, de Kontakt mat der Basis, mam Vollek vu Gott soll verstäerkt ginn. Eng méi einfach an direkt Sprooch wär wichteg.
6. Jugend a Famill
An e puer Äntwerte gouf sech Gedanke gemaach hunn, dass d’Jugend der Kierch verluer geet. Ma wéi si un där Kierch interesséieren ? Et gëtt méi reliéis Kannererzéiung gefrot, ma ënnert der Form vu ‚familienbezogene Katechese‘ (mat der Relatioun tëschent de verschiddene Sakramenter : Bestietnis, Daf, etc.) an Erwuessenekateches, net nëmme Kannerkateches ; d’Kierch soll sech do opmaache fir d’Alldagssuerge vun de Familljen, mat Themen déi net wäit ewech si vun hirem Liewen an an enger Sprooch, déi si verstinn!

Mir hunn dat ganzt Resultat sou wéi dir et hei fannt och eisem Kardinol iwerginn an hien huet eis och versprach et ze liesen.
Mir denken och dass, dës Emfro wichteg ass fir de "Synode des Évêques sur le thème « Pour une Église synodale : communion, participation et mission" a mir trieden och mat denen Responsabelen a Kontakt.

Liliane Loos

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement