
|
Rapport vum Synodale ProzessRapport vum Synodale Prozess Vous trouvez le rapport en français en annexe à la fin de l’article I. Gemeinschaft: Wéi gesinn ech meng Gemeinschaft? Lokal, diözesan oder op Weltebene? Wat deet mir gutt? Wat verletzt mech, wat deet wéi? Wat wënschen ech mir, datt et ännert? 1. Mir brauche kleng, oppe Gemeinschaften, (bei der Opdeelung an déi grouss Paren, sinn déi kleng Duerfgemeinschaften ewechgefall). 2. D’Liewen an der Gemeinschaft dierf net nëmmen em d’Liturgie vun der Mass dréinen, déi dann un engem Priister hänkt. Mir musse Geleeënheete schafe fir sech ze begéinen an a Gemeinschaft ze liewen: Friddensgebiet, Agape, Gebietsmomenter, Wuertgottesdéngschter, Synodeversammlung, Begéinungen no der Mass, Taizégebiet, Bibelgruppen, Stonnegebiet, Rousekranz, Fraegrupp, Danz, Chorale, Schritt für Schritt, Concert, Kaffisstuff, Konferenzen, Familjegruppen, Kommiounsgruppen, Firmgruppen, Pilgerreesen, ... 3. Wéi wëlle mer, dass eis Gemeinschaft fonctionéiert? 4. Mir brauche kreativ Fraen déi sech engagéieren, déi méi Verantwortung musse kréien an och déi méi héich Poste kënnen hunn, Fraen déi Multiplikatorinne sinn. Mir mussen d‘Gläichgewicht fannen tëschent aktiver a passiver Participatioun! 5. Suerg ëm d’Jugend an d’Kanner. Suerg ëm d’Flüchtlingen. Suerg ëm d’Ëmwelt: Klimawandel! II. Participatioun: 1. An de synodale Gremien (déi mer schonn zum Deel hunn: z.B. Pastoralrot an der Par, am Bistum,) Kompetenz vun de Vertrieder, Réckbindung un d’Gemeinschaft, gemeinsaamt Matsproocherecht, Initiative vun der Gemeinschaft seriö huelen, Subsidiaritéitsprinzip* eescht huelen, kierchlech Ämter a Responsabilitéite mussen op sinn fir Fraen a Männer, bestuet oder zölibatär, Mir brauche Formatioun (Weiderbildung a Begleedung) fir Haaptamtlecher an Ehrenamtlecher, dezentral ugebueden. D’Synodalitéit muss sech a Strukturen erëmspigelen an d’Strukture musse mer eescht huelen. 2. Bedingungen an Haltunge fir dass déi Participatioun méiglech ass: 3. Wou soll déi Participatioun geschéien: an der Leedung vun der Gemeinschaft, an der Glawensvermëttlung, an der Liturgie, an der Diakonie, Zefriddenheet a Begeeschterung an der Kierch, Unerkennung, Decisioune sollen och vun deene getraff ginn, déi betraff sinn. 4. KatechetIn als Amt aféieren, z.B. Parleedung, Amt vum Priedegen, *Subsidiaritéitsprinzip: d‘Gemeinschaft huet hir eege Verantwortung, an d’Pastoralequipe intervenéiert wann et muss sinn. III. Missioun: 1. Wat ass Missioun – haut? Optrag vun der Kierch; muss nei entdeckt ginn (dozou gehéiert och dass Frae kënne priedegen a Sakramenter spenden), Glawe liewen a verkënnegen. 2. Ween huet déi Missioun auszeféieren: 3. Inhalt vun där Missioun: Ouni Participatioun a Gemeinschaft, keng Missioun..... Wa mir als Chrëschtinnen a Chrëschte liewen, verännere mer d’Welt! |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement