fir Massendéngerresponsabel

Léif Massendénger- Responsabel

Hei kënnt Dir elo reegelméisseg Informatiounsmaterial, Aarbechtshëllefen fir d’Schaffe mat a fir d’Massendénger.

Hutt Dir flott Aarbechtsmaterial/Gruppestonnen fir d’Massendénger ausgeschafft a wëllt Dir déi aneren zur Verfügung stellen: mailt äis et an d’Zentral an da setze mir et fir Iech hei an dës Kategorie op eiser Homepage online.
Hutt Dir eng Iddi fir eng Aktivitéit mat Massendénger: Loosst äis déi wëssen, mir versichen eist Bescht fir eppes dozou ze realiséieren.
Hutt Dir eng flott Aktivitéit mat de Massendénger: Loosst eis d’Informatiounen zoukommen. Mir publizéieren et fir Iech op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger.
Wëllt Dir datt mir Iech besichen: frot mat Zäit un, vläicht kann ee vun den Ekippemembere bei Iech kommen.

Dir kennt och ganz gär, op Rendez-vous bei äis an der Zentral an eis vill Aarbechtsmaterialien eraluusse kommen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement