|
Aus de Pare mat hiren DierferEt ass der Ekipp “Lëtezbueger Massendénger” een Uleies, d’Massendéngerarbecht an eiser Äerzdiözese gutt kennen ze léieren an och ze vernetzen. Op Nofro vu Paren/Massendéngerresponsabel krut all Par eng Mail mam Logo fir d’Massendéngerarbecht an hir Par - eise Logo vun de Lëtzebuerger Massendénger mam Zousaz “Numm vun der Par” . Et wier flott, wann elo all Par dëse Logo fir d’Infoblieder, Matdeelungen... fir Massendénger benotze géif. Falls nach een de Logo aus der Par brauch - einfach an der Zentral via Mail mellen. Hutt dir an äre Paren/Parverbänn eng Generalversammlung (oder sou eppes Ähnleches)? - Dir kennt eis roueg an der Zentral Bescheet soen. Falls Dir et wënscht a falls een Ekippemember Zäit huet da kennt och ee Vertrieder vun der “Ekipp Lëtzebuerger Massendénger” och gär bis bäi Iech luussen an Iech besichen. Mir freeën eis iwwer all Kontakter an eiser Äerzdiözese. Villmols Merci fir all Informatiounen. Mail eis einfach an d’Zentral |