
|
|
TarcisiusfeierAll Joer denken d’Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den hellegen Tarcisius. An enger lieweger Kanner- a Familljemass um Permësknupp (Par Oewersauer Sankt Pirmin) hu mir eis gemeinsam op d’Summervakanz virbereet. D’Glacebulle virum Altor symboliséieren: Dankbarkeet (rout Bull), déi giel als Frischekick fir d’Vakanz a blo als Kugel vum Glawen. Gestäerkt kënne mir elo d’Summervakanz genéissen an e bëssen ofschalte vu Stress, Léieren an dem Alldagshektik. Gläichzäiteg hu mir un den hellegen Tarcisius erënnert, de Schutzpatréiner vun de Massendénger. D’Mass gouf och zum Gedenken un den Här Chanoine honoraire Jos Weisgerber, laangjäregen Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, gefeiert. E grousse Merci un all déi, déi dës Feier mat vill Engagement virbereet an duerchgefouert hunn - an net ze vergiessen ee Merci un d’Përmesfrënn fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung. #tarcisiusfeier2026 #përmesknupp #përmesknupp2026 |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement



