|
Klibbere gesicht#klibberen #Klibber Mir sichen al Klibberen, déi doheem leien an net méi gebraucht/benotzt ginn. Hutt Dir eng Klibber doheem a si hënnert Iech bzw. dir kennt déi net méi gebrauchen? Kee Probleem - d’Lëtzebuerger Massendénger freeë sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstokk ze vergréisseren. Esou kenne mir déi Klibberen fir eis Formatiounsdeeg benotzen (z.b. um MAFREMA, bäi der Journée du Patrimoine) an awer och un déi Gruppe verléinen, déi der net genuch hunn. Mellt Iech einfach bei eis a mir kennen dann eppes ausmaachen. |