Liichte goen

Liichte goen:
D’Traditioun vum Liichte goen ass Joerhonnerten al. Dee Reimsproch, deen hautdesdaags als „Léiwer Herrgottsblieschen“ den 2. Februar gesonge gëtt, fënnt ee schonn am Buch vun de „Luxemburger Kinderreime“ vum Edmond de la Fontaine, dem Dicks, aus dem Joer 1884. An den éischte „volkskundleche“ Bicher am 19. Joerhonnert gëtt d‘„Liichte goen“ ernimmt. Et ass eng fest verwuerzelt Traditioun.
Liichte goen ass virun allem e Kannerbrauch, wou Schoulkanner den 2. Februar, um Fest vu „Liichtmëssdag“ (Maria Lichtmess – Darstellung des Herrn), mat ganz verschiddene, selwergebastelte Lampionen a mat hirem Liichtebengelchen an hirer Uertschaft vun Haus zu Haus liichte ginn. Dobäi sange si „Léiwer Herrgottsblieschen“ oder och alt mol aner Lidder wéi z.B. „Mir Kanner komme Liichten a gi vun Haus zu Haus“. Als Belounung hoffen ‚ „Liichtekanner“, Schneekegkeeten oder Suen ze kréien.
Den „Herrgottsblieschen“ bezeechent iwwregens den Hellege Blasius, ee vun de véierzeng Nouthëllefer, deem säin Namensdag den Dag, den 3. Februar, drop ass.
Beim „Liichte goen“ komme Kanner vu verschiddene Kulturen, Alteren a Reliounen zesummen, fir duerch d’Stroosse liichten ze goen.
D’Kanner kommen entweeder 2. Februar oder och alt, jee nodeem wéi den 2. Februar fält respektiv wéi et lokal de Brauch ass, schonn de Virowend vum 2. Februar liichten. Vill Leit bereede sech op deen Dag vir: si gi Schneekegkeeten akafen, bake vläicht ee Stéck Kuch, besuerge Schocki fir de Kanner ze wiermen. Fir vill eeler Leit ass d’Kontinuitéit vum Brauch ganz wichteg a fir si ass et och eng Kandheetserënnerung. Si freeë sech, wa Kanner dee Brauch, dee si an hirer Kandheet gelieft an duerchgefouert hunn, weider féieren.
An den Uertschafte gëtt geplangt, wéi eng Kanner wéi eng Stroossen ofginn, fir bei d’Leit schellen ze goen, e Liichtmëssdagslidd ze sangen a Freed ze verbreeden. Hautdesdaags hu vill Kanner genuch a komme liicht u Schneekegkeeten asw. Si liewen dacks esouguer am Iwwerfloss. D’Kanner ginn net onbedéngt wéint de Schneekegkeete liichten (ausser wann d’Elteren hinnen iwwer d’Joer erduerch keng kafen), mee well si de Brauch oprecht hale wëllen. Et erlaabt de Kanner och, eppes aneschtes ze maachen wéi dat , wa si normalerweis am Alldag maachen: zesumme mat Frënn (egal wéi eng Kultur/Relioun si hunn) am Grupp mat engem Lampion an enger Liichtchen duerch d’Duerf goen a bei d’Leit schelle goen an deenen eppes sangen.
„Liichte goen“ ass am ganze Land verbreet – méi an den Dierfer, manner an de „Stied“. Wat awer opfält, ass, datt dee Brauch am Norde vum Land net esou üblech ass.

„Liichte goen“ ass de 17. Oktober 2025 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (iki.lu) opgeholl ginn.

An de sozialen Netzwierker fënnt een och villes via #liichten #liichtegoen #liichtmëssdag.

Begleetdossier IKI LiichteGoen
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement