Banneux 12.09.2024

Kuckt hei d’Fotoe vum Pilgerdag op Banneux


Diözeesan Pilgerfaart op Banneux
Donneschdeg, den 12. September 2024

Maria, breet däi Mantel aus!

Dëst ass de Motto vun der Pilgerfaart op Banneux 2024. Deemools, am Joer 1933, gouf dat jonkt Mariette Beco am Ganzen 8 Mol vun der „Jongfra vun den Aarmen“ iwwerrascht. Dës Erscheinungen hunn nom Zweete Weltkrich dunn ëmmer méi Leit ugezunn a Banneux huet sech een Numm bis wäit iwwert d’Grenze vun der Belsch eraus gemaach. Bis haut geet dëse Pilgerstroum virun. Grad no der COVID-Pandemie sichen d’Leit villfach een neien Halt an och spirituell Orientéierung. Dobäi zielen si grad och op de Schutz an d’Hëllef vun der Gottesmamm. Do uewen op de raue Koppe vun der Haute-Fagne waart Maria op d’Pilger a breet symbolesch hire Mantel voller Guttheet aus. Méi wéi engem huet si do schonn ee Wénk ginn, Trouscht an Hëllef gespent oder een Auswee an der Däischtert vum Liewe gewisen. Grad duerch hir schlicht Präsenz kritt de Mënsch hei d’Gefill, datt hien eescht geholl gëtt, erwaart a geléift ass.

Interessant ass och, datt de Poopst François eng besonnesch Bezéiung zur „Vierge des pauvres“ huet. Duerch d’Gemeinschaft Sant’Egidio huet hie souguer 2019 eng Kopie vun der „Jongfra vun den Aarmen“ am Vatikan opstelle gelooss. Kee Wonner, well dëse pastorale Poopst ass ee Frënd vun deenen Aarmen, ënnert hinnen och vill Obdachloser a Flüchtlingen, déi de Wee ëmmer nees bis bei de Péitersdoum fannen, fir hei an engem geschützte Raum Liewenshëllef ze kréien.

Fir de Poopst ass d‘Maria dee gudde Stär um Wee vun der Verkënnegung. Si ass d’Weeweiserin, déi äis am Déngscht wuesse léisst. Si mécht äis d’Aen op fir d’Nout vun de Mënschen. Bei hir ass jidderee wëllkomm: déi Krank, déi Aarm, déi Mënschen, déi net méi eleng mam Liewe fäerdeg ginn, Mënschen, déi de Sträit opfrësst, Mënschen, déi viru Gewalt a Krich fortgelaf sinn… Bei der „Jongfra vun den Aarmen“ fannen si Fridden a Rou. Et ass duerfir och net verwonnerlech, datt een zu Banneux keng monumental Gebaier a keng protzeg Konschtwierker fënnt. Hei gëtt een och net vun der Ästhetik verwinnt, mee ganz einfach mat der Banalitéit vum Liewe konfrontéiert.

Maria huet kleng Spuere vu Léift an dem Mariette Beco säi Liewe gedréckt. Änlech wëllt si och äis am Alldag, an all senger Banalitéit, begéinen. Si geet äis viraus a wëllt net, datt mir stoe bleiwen oder ganz einfach der Vergaangenheet notraueren. Si wëllt äis villméi Weeër vu Liewe weisen, an zwar mam Jesus, hirem Jong, deen äis formen a féiere wëllt. An enger Zäit, an där d’Rücksichtslosegkeet an den Egoismus zouhuelen, weist d’Gottesmamm äis de Wee vun der Häerzensfräiheet an zum Gléck, grad och a schwéieren Zäiten. Duerch hiert grousst Vertrauen an dem Herrgott seng Guttheet a seng Weisheet entdecke mir wéi gleewe geet. Um Ufank vun engem neie Pastoraljoer ass et duerfir och méi wéi eng schéin Traditioun fir op Banneux ze pilgeren. Dëse Wallfaartsuert ass wéi eng spirituell Tankstell, wou mir dierfen „de plein“ maachen, ier et dann nees lass geet.

Umeldunge ginn an de jeeweilegen Dekanater ugeholl:

Dekanat Osten, Tel. 750063-1 vu méindes bis donneschdes tëscht 14.00 a 16.00 Auer am Kaplounshaus;
Dekanat Zentrum virum 4. September jjf@scj.lu oder um Tel. 661 746 852;
Dekanat Lëtzebuerg: notre-dame@cathol.lu oder Tel. 222970-1;
Dekanat Süden-Ost um Tel. 511546;
Dekanat Süden-West um Tel. 661 257 284 oder um 545834 an am
Dekanat Norden (kee Busdéngscht).

D’Foulards Blancs begleeden och nees déi Krank a Mënsche mat engem spezifesche Besoin. Umeldunge gi beim Marie-Claire Rasqué um Tel. 23620720 oder par Mail foulards-blancs@lgs.lu entgéint geholl.

D‘Pilgerfaart gëtt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, presidéiert.

Déi liturgesch Virbereedunge leien an den Hänn vum Dekanat Osten an Zesummenaarbecht mam diözeesane Pilgerbüro.

Renée Schmit
Bëscheeflech Delegéiert fir Evangeliséierung an diözeesan Bildung

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement