Lourdes 2024

kuckt och…: « Allez dire aux prêtres que l’on vienne ici en procession »
 
Fotogalerie 2024
D’Wuert vum Weibëschof Leo Wagener
D’Wuert vun der Pilgerdirektioun Renée Schmit
D’Wuert vum Lourdespriedeger Patrick Muller

Am Joer vum Gebiet zesummen op Lourdes

Am Joer vum Gebiet, zesummen op Lourdes.
Och dëst Joer fiert d’Lëtzebuerger Diözees nees mat engem gréissere Grupp op Lourdes. Am Virfeld vum Hellege Joer an am Joer vum Gebiet wëlle mir dem Poopst Franziskus säin Opruff konkret opgräifen. Lourdes ass eng Plaz wou Mënsche vun allen Natiounen zesumme bieden an de Glawe feieren. Et ass ee Gnodenuert, wou een Trouscht an Heelung kann erfueren. Eisen diözeesane Pilgerbüro freet sech duerfir fir Iech op déi grouss Wallfaart vum 20.-25. Juli 2024 opmierksam ze maachen.

Dëst Joer steet si och nees ënnert dem Virsëtz vum Weibëschof Leo Wagener, selwer laangjärege Lourdespilger, Aumônier vun de Foulards Blancs a bis haut nach ëmmer am Déngscht vun deene Kranken.

D’Priedegten iwwerhëlt dëst Joer de Generalvikar Patrick Muller, deen och als President vum Lëtzebuerg Seminär derbäi ass an zum Gebiet fir Beruffungen oprifft. Wien op Lourdes pilgert begéint Mënsche mat ënnerschiddleche Sensibilitéiten, Geschichten a Beruffungen. Ënnert hinne sinn och Kranker a Gesonder, Jonker an Eelerer, Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger. All fannen si sech an der Grotte vu Lourdes erëm, des Plaz déi déi ee Symbol vum Heemkomme bei den Herrgott ass. Zu Lourdes kann ee säi Mënschsinn, Chrëschtsinn ganz einfach matenee verbannen. Et ass eng secher Plaz, wou een seng Suergen am Gebiet kann ofleeën oder dem Herrgott d’Éier erweise kann, em Verzeiung froen an een neien Ufank ka setzen. Hei kann een anescht op dem Herrgott säi Wuert lauschteren an e puer onbeschwéiert Deeg an engem geschwësterleche Geescht verbréngen. Munchereen huet grad am Laaf vun de Joeren zu Lourdes een heelend Wuert geschenkt kritt oder eng nei Frëndschaft geknëppt an d’Kierch an hirer ganzer Faarwegkeet wouer geholl.

Dest Joer steet d’Wallfaart ënnert engem weidere Wuert vun der schéiner Damm un d’Bernadette Soubirous, dat aarmt Hierdemeedchen vu Lourdes: “Venez ici en procession!” Eng Pressessioun ass keng almoudesch Mannéier fir ze bieden, mee ee ganzheetlechen Ausdrock vu Glawen duerch Mënschen déi pilgeren, Fraen a Männer, déi zesummen op der Sich no Gott sinn a sech esou begéinen. Mir sinn all dach nëmme Gäscht op dëser Äerd, d.h. och mir sinn op der Duerchrees, obwuel mir äis esou dacks installéiere wëllen. Jidderee vun äis dréit mol méi, mol manner schwéier, um Liewen. Jidderee vun äis huet Suergen an dréit Wonnen a sech, déi dacks bis an d’Kannerzäit erareechen. Jiddereen brauch Unerkennung a Léift. Jiddereen huet seng Beruffung opgrond vun der Daf. Grad an onsécheren Zäiten deet et gutt ze erfueren, datt een net alleng ass. An onsécheren Zäiten ass et eng Chance sech mat aneren ze vernetzen. Geliefte Solidaritéit mëcht méi staark.

Wann Dir duerfir 2024 un der Lourdeswallfaart intresséiert sidd, da schreift ganz einfach op pelerinages@cathol.lu oder mellt Iech am Büro vu LuxPélé um 43 60 51 – 379: Donneschdesmoies vun 9.00 - 12.00 a Freides vun 9.00-12.00 Auer.

D’Umeldunge vu Kranken a vu Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit gi beim Marie-Claire Rasqué, Clan-Cheftaine vun de Foulards Blancs, um 23620720 entgéint geholl.

Mir freeën äis fir ee klengt Stéck Wee mat Iech ze goen. Och dat ass geliefte Synod am Virfeld vum Hellege Joer 2025.

Renée Schmit
Directrice des pèlerinages

Anmeldeformular / Fiche d’inscription
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement