
|
|
lb fr
Kannermissiounssonndeg 2025Gitt eraus a rufft jiddereen op d’Fest (Mt 22,9)De Kannermissiounnsonndeg fält op de Weekend vum 1. an 2. Februar. Mir hunn decidéiert, dat selwecht Theema souwuel fir de Missiounsdag „Prêtres pour le Tiers Monde“, deen op Dräikinneksdag gefeiert gouf, wéi och fir de Kannermissiounssonndeg ze huelen, deen elo op Liichtmëssdag ass. Dir fannt hei ënnen d’Material wat dir benotze kënnt a wann dir weider Informatioune braucht, zéckt net eis ze kontaktéieren: Um Telephon: 45 32 61 oder per Mail: missio@cathol.lu. Fir d’Detailer zur Katechees, Biller vun der Geschicht vum Samariter etc. mellt iech bei eis, mir däerfen dat net op eisem Site verëffentlechen, awer perséinlech viru ginn. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement