Mat Diskretioun a Kompetenz huet eis Sekretärin Monique Feltgen jorelaang vill Mënsche zu Lënster am Parbüro frëndlech empfaangen, sech ëm de Parkalenner gekëmmert, Massebestellungen entgéint geholl, d’Comptabilitéit gemaach, Lëschte gefouert, de Kontakt an d’Terminer fir d’Sakramenter geréiert, gekuckt datt alles gutt leeft an nach villes méi. Sou gëtt et bal keen an der Lënster Gemeng dee net fréier oder spéider mat hir a Kontakt komm wier. D’Monique Feltgen huet elo décidéiert eng nei Liewesetapp unzefänken an hir Rechter op d’Pensioun gëllen ze loossen. Mir soen hir e grousse Merci fir all déi Joren, wou si bei eis gewierkt huet a wënschen hir fir d’Zukunft vill Freed an Zäit, déi si lo - méi wéi bis elo - fir hir Famill, Frënn an nei Liewensprojeten asetze kann.
Francis Erasmy