Fir e klengen Iwwerbléck ze hunn, hu mir déi regelmässeg Gottesdéngschter an eiser Par hei opgelëscht:
Sonndes-Gottesdéngschter all Woch
- Basilika Iechternach
Samschdes 18.30 Auer
Sonndes 9.00 + 10.30 + 18.30 Auer - Mariewallfahrt Giischterklaus
Sonndes 9.00 Auer - Lënster
Sonndes 10.45 Auer
Regelmässeg Gottesdéngschter
Gemenge Bech, Beefort, Berdorf a Consdorf
- Virowendmass um 18.00 Auer zu Bech oder zu Consdorf (an de Wanterméint zu Präiteler).
- Sonndes um 9.00 Auer zu Hemstel an um 10.45 Auer zu Beefort oder zu Berdorf (am Rhythmus vun engem Mount ongeféier).
Gemeng Jonglënster
- Virowendmass Samschdes um 18.30 Auer ofwiesselnd zu Gonnereng oder an der Buerg (am Wanter amplaz vun der Buerg zu Guedber). Ausnahme sinn d’Kiermessen oder de fënnefte Samschdeg am Mount.
Gemeng Rouspert-Mompech
- Virowendmass Samschdes um 18.00 Auer, 19.00 Auer vu Juni bis September, ofwiesselend zu Bur, Hierber, Méischdref a Mompech.
- Sonndes um 10.30 Auer ofwiesselend zu Rouspert, Steenem oder Uesweller (Mass oder vun Zäit zur Zäit Gottesdéngscht).
Gottesdéngschter wärend der Woch
All Dag sinn op deene verschiddenste Plazen vun eiser Par Massen oder aner Gottesdéngschter.
Kannergottesdéngschter
Vun Oktober bis zum Ofschloss vum Schouljoer sinn an der Schoulzäit och
Kannergottesdéngschter:
- Méindes um 18.00 Auer zu Rouspert.
- Mëttwochs um 18.30 Auer zu Iechternach.
- Freides um 18.30 Auer zu Lënster.
- Samschdes um 16.30 Auer zu Berdorf
- an um 18.00 Auer zu Beefort
Fir déi Jugendlech
Vum November un ass Date mat Gott (Texter aus der Bibel, modern Texter a Lidder, Gebiet, Gedanken iwwer d’Liewen an de Glawen)
Dënschdes an der Schoulzäit um 19.00 Auer an der Basilika oder zu Lënster am Parzenter (15, rue du Village).
Aner Gebietszäiten
- Anbetung a Vesper all Donneschdes um 18.30 resp. 19.00 Auer an der Basilika (ausser Schoulvakanz)
- Anbetung an duerno Mass, all Freideg um 18.00 Auer zu Lënster (ausser Schoulvakanz)
- Rousekranz all Sonndeg um 15.30 Auer op der Giischterklaus
Den Detail (Datumer) an nach vill aner Gottesdéngschter fannt Dir am Parbréif.
E puer Gedanken dozou
Mir kucken eng gewësse Reegelméissegkeet bäi de Massen a Gottesdéngschter ze halen. Et ass awer wéinst de Fester an de lokalen Traditiounen net ëmmer einfach. Dir hutt all Woch vill Méiglechkeete fir an der Par eng Mass oder e Gottesdéngscht mat ze feieren, och wann dat net an Ärem Duerf ass.
Firwat huet d’Basilika sou vill Massen?
Mat dem Graf vum Hellege Willibrord, dem eenzege Graf vun engem Hellegen op Lëtzebuerger Buedem, ass si e spirituellen Zentrum wäit iwwer d’Grenze vun der Par ewech. Hei komme Chrëschten aus allen Ecke vun der Par zesummen, wat op den Dierfer seelen de Fall ass. Als Parkierch soll si e Stéck Heemecht fir eis all sinn.
Eis Gemeinschaft ass lieweg do, wou mir d’Liewen deelen an zesumme feieren. Eis Gemeinschaft brauch Leit, déi mat upaken, deenen d’Gemeinschaft an d’Kierch, och hier Kierch am Duerf wichteg ass. Fir dass d’Gemeinschaft oder d’Kierch (an den Dierfer) belieft ass, brauch se Leit, déi d’Kierchen op- an zouspären, déi d’Kierchen an der Rei halen, Leit, déi sech ëm Blummen a Käerze suergen, Massendénger, Kantoren, Lektoren, Organisten. Fir Liturgie ze feieren oder e Moment vu Gebiet ze halen, brauch een net nëmmen e Pastoralteam.
Merci all deenen, déi eng Hand mat upaken.Hu Dir do Talenter? Häerzlech wëllkomm!
Josiane Mirkes, Luc Schreiner
Links: