Editorial aus dem Parbréif 3/24

E Kuss fir d’Léift a fir Ouschteren


Home GoBack Print Kontakt

Nieft mengem Dingscht als ee vun Äre Paschtéier sinn ech virun 1 1/2 Joer vum Här Generalvikar gefrot gi fir „assistant spirituel“ vun der Lëtzebuerger Equipe vun „Entrepreneurs et Dirigeants chrétiens“ ze ginn. Dës ass en ökumeneschen an internationale Krees vu Leit, déi entweder eege Firmen oder Leedungsfonctiounen an Entreprisen a Betriber hunn an dat aus engem chrëschtleche Geescht gestalte wëllen. Meng Fro deemools: Wat ass d’Zil vun der Grupp? Äntwert: „Nous aider dans nos fonctions dans nos entreprises pour contribuer à batir une civilisation d’amour.“ Dat kléngt den éischten Ament fromm an idealiséiert. Ma mir brauchen dach an onser Welt grad haut méi Plaz fir d’Léift. Wéivill gëtt vun Haass, Sträit, Muecht- a Profitgier zerstéiert? Mat un enger Zivilisatioun vun der Léift bauen - eng Aufgab fir all Chrëscht. Mat all deene Kricher a mat der Gewalt an der Welt, mat deem Gerooss a Gestreits a Kierch a Gesellschaft… Wéi dack erliewe mir éischter eng Kultur vum Doud! Kommt, strëppe mir ons Äerm erop a schaffe mat, datt do, wou mir sinn, d’Léift wuesse kann an ons Welt e Stéck besser a méi friddlech gëtt. Natierlech hunn do déi Verantwortlech a Politik an Economie hier Roll ze spillen, ma all Mënsch ka säint maachen! „Viele kleine Leute an vielen kleinen Orten, die viele kleine Schritte tun, können das Gesicht der Welt verändern“ (Kannerlidd no engem afrikanesche Sprëchwuert).

Heiansdo kann ee mengen: Ass dat net alles e bëssen naiv, e bësse vill fromm, ma wéineg realistesch? Als Chrëschte kucke mir op de Jesus. Hie wor jo en Idealist, deen d’Mënschen op e Wee vu Léift féiere wollt an dat och nach haut wëllt. Gottes- a Nächsteléift si déi wichtegst Geboter. Domadder kënne mir ons Welt op gutt Weeër féieren, wou et all Mënsch gutt goe kann. Wéivill Kricher a Streidereie, wéivill Misär a Leed géif et manner ginn, wa jidderee géif d’Léift liewen? Dofir, wa jidderee viru senger Dier kiert, ass d’Duerf herno propper. Liewe mir d’Léift!

Wéi geet dat? Grad déi helleg dräi Deeg vum Leiden, Stierwen, Doud an Operstoe vum Jesus, déi vum éischte Vollmound am Fréijoer festgeluecht sinn an zu deenen an dësem Parbréif invitéiert gëtt, kënnen ons inspiréieren.

Do hu mir Karfreideg, deen éischten Dag: Mir kucken op dem Jesus säi Leiden a seng Hiriichtung. Um Kräiz gëtt de Jesus alles, schenkt sech selwer. Datt seng Frënn - a mir sinn haut seng Frënn - dat ni vergiessen a spieren, datt hien sech och fir si a fir eis haut verschenkt, deelt hien deen Owend viru sengem Leiden Brout a Wäin: „Mäi Läif… mäi Blutt… fir iech an déi vill aner.“ Um Gringendonneschdeg denke mir dorun, ma och soss an all Mass feiere mir dee Gott, deen ons esou nokomme wëllt a sech ons schenkt, datt en ons op der Zong vergeet wéi e Stéck Brout. En änlecht Gringendonneschdegfest, just mat manner Leidengedanken a méi Freed, feiere mir Katholike jo méi spéit mat den Eischtkommiounsfeieren an Härläichendag. Gringendonneschdeg, den Owend deen a Karfreideg iwwergeet. Gott, deen am Jesus Mënsch ginn ass, stierft um Kräiz. Alles schéngt verluer. Wéivill sou Momenter kenne Mënschen, wou näischt méi geet. Gott, deen am Jesus Mënsch ginn ass, geet och déi Weeër mat, wou alles verluer schéngt.

Mir all hunn den Doud virun ons. Den Doud vu léiwe Mënschen, deet ons wéi. Do kann ee sech verléieren a verluer goen. Dat aushalen ass net einfach. Karsamschdeg. Am Juddentum, dem Jesus seng eege Relioun, ass dësen Dag, de Sabbat, bis haut den Dag vu Rou an der Woch. Dofir konnt deemools zu Jerusalem um Dag nom Jesus sengem Doud, um zweeten Dag, net vill geschéien. Dofir ass de Karsamschdeg, den Dag vun der Grawesrou. Quitte, datt op ville Plazen op dësem Dag villes fir Ouschtere virbereet gëtt, kann et de Moment vum stëlle Verweilen si bei all deenen a bei all deem, wou mir traueren. Gläichzäiteg geet de Bléck op d’Maria: d’Mamm beim Graf vun hirem Jong. D’Maria, déi d’Botschaft vum Jesus héieren har a géint all Hoffnungslosegkeet, hofft. All dat gräife mir zënter e puer Joer mat engem extrae Gebiedsmoment um 11 Auer op der Giischterklaus op. Häerzlech Invitatioun un all, déi d’Trauer dréckt.

Um Muerjen nom Sabbat vum Paschafest, um drëtten Dag, fannen d’Fraen dem Jesus säi Graf eidel. Ouschteren. Hieren éischte Gedanken - D’Läich ass op eng aner Plaz geluecht ginn - gëtt duerch eng Begéinung mam Jesus, deen si als nees lieweg begéinen, op d’Kopp gehäit. Esou wéi de Jesus viru sengem Doud villes op d’Kopp gehait hat, esou schaaft hien och elo erëm Neies. D’Muecht vum Doud ass gebrach. Dat Negatiivt an Zerstéierescht, wat am Doud kuliminéiert, huet net méi dat lescht Wuert. D’Liewen an d’Léift si méi staark. De Jesus lieft - a mir mat him!

Dat ass net ëmmer einfach ze gleewen. Dem Jesus seng Frënn haten Zäit gebraucht fir dat Onerwaartent do ze verstoen. Ëmmer erëm huet hien sech missen hinnen als vum Doud gezeechent ma dovu befreit misse weisen. Dofir dauert d’Ouschterzäit jo och fofzeg Deeg bis Péngschte fir och ons eng Chance ze ginn deem grousse Geheimnis besser op d’Spuer ze kommen a fir ons z’encouragéieren d’Léift ze liewen an esou nom Beispill a no den Ideeë vum Jesus d’Zivilisatioun vun der Léift haut mat ze bauen. D’Maria, Tréischterin am Leed, déi mir an der Oktav éieren, kann ons dozou Beispill a Begleederin sinn.

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement