Mäerz: Jousefsmount - net just op der Giischterklaus


Home Back Print Kontakt

De Mäerz gëllt an der kathoulescher populärer Frëmmegkeet als de Mount vum hellege Jousef. Haut, an dësen Zäite, wou mir net wësse wat alles op eis zoukënnt, kann de Mann vu Nazareth eis e Virbild sinn, wéi ee mat Gottvertrauen u Situatiounen erugeet, déi ee sech selwer net gesicht huet, ma wou een awer eens gi muss. Esou hunn ëmmer nees Leit op hie gekuckt an ëm säi Gebiet gefrot. Ma och soss kann de Jousef eis munches matginn. Als Aarbechter aus engem einfache Milieu ass hie Modell fir vill Mënschen, déi am Alldag op der Schaff an an der Famill hire Mann an hier Fra stelle mussen. An der Bibel gëtt eis kee Wuert vun him iwwerliwwert. Ma d’Evangelie weisen eis e Mann, dee no sengem Gewëssen handelt, deen op d’Botschafte vum Liewe lauschtert. Esou wéi Milliounen vu Pappen bereet och hien dat him uvertrautent Kand op d’Liewe vir a léisst en, wou de Moment do ass, säi Wee goen. Den hellege Jousef, e Mann, deen eis haut nach vill soe kann. Dofir wëlle mir am Mäerz net just extra op seng Statue an eise Kierche kucken, ma op säi Liewen a seng stëll Botschaften.
An eiser Por ass den hellege Jousef Patréiner vum Konsdrëffer Altersheim an vun der Kapell vu Lauterbur (nieft dem Schlass). Op der Giischterklaus gëtt hien als Niewepatréiner veréiert. Do ass d’Traditioun dokumentéiert, datt d’jonk Frae bei hie pilgeren: „Heiliger Josef zu dir kommen wir, einen guten Mann begehren wir.“

Luc Schreiner

Mam Ufank vum Jousefsmount Mäerz fänken op der Giischterklaus nees d’Andachte Sonndesmëttes um 4 Auer un.
Sonndeger an der Faaschtenzäit op der Giischterklaus
09.00 Hl. Mass
15:30 Rousekranz „mam Sonndesevangelium“
16.00 Andacht

Jousefsfest - dëst Joer wéint dem Sonndeg e Méindeg 20. Mäerz
14.30 Rousekranz vum hellege Jousef mat Jousefslidder
15.15 Festhoumass


Links:

Girsterklaus

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement