|
De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet di zwou Flüchtlingsfamilljen aus dem Flüchtlingslager vu Lesbos empfaangen, déi vun der Lëtzebuerger Kierch encadréiert a betreit ginn19 novembre 2019
Bei den zwou Familljen handelt sech ëm eng Famill aus dem Kuwait (Beduine mat zwee Kanner am Alter vu 5 an 8 Joer) an ëm eng Famill aus Syren (och mat zwee Bouwen, Zwillinge vu knapp 2 Joer). Si kommen no enger kuerzer Iwwergangszäit an enger Structure d’accueil an zwee Appartementer an engem Haus hei am Land ënner. D’Famillje ginn encadréiert vun der Ekipp vu Reech eng Hand. Am Kader vun der Bëschofswei vum Msgr. Leo Wagener a vun der Kardinolskreatioun vum Mgr. Jean-Claude Hollerich waren d’Leit ë.a. invitéiert ginn, en Don fir den Accueil an den Encadrement vun deenen zwou Flüchtlingsfamilljen ze maachen. Ganz vill Leit waren där Invitatioun nokomm, ronn 76.000 Euro sinn iwwer dëse Wee fir dësen Hëllefsprojet erakomm. E ganz grousse Merci fir all Geste vu Solidaritéit! |