Liens . Links
Agenda
 

Por Öewersauer Saint-Pirmin

Aktuelles

Jousefsdag zu Eschdöerf

Sonndes, den 22. Mäerz 2026 feiere mer Jousefsdag zu Eschdöerf.
Um 10.45 Auer ass feierlech Houmass mat Festpriedegt vum Chantal a Marc Hubert-Lutgen.
Et séngt d’Chorale vu Mierschent-Stolzebuerg.

Um 16.00 Auer ass Brudderschaftsandacht mat Gebiet fir déi Verstuerwe vum leschte Joer an Opnam vun de neie Memberen.
Häerzlech Invitatioun.

Deen Dag invitéieren d’Chorale Ste Cécile Eschdöerf an d’Ouvres paroissiales op hir Kaffisstuff op Jousefsdag am neie Centre culturel zu Eschdöerf.
Ab 11.30 Auer Aperitif a Verkaf vun Dessert fir mat heem ze huelen.
Vu 14.30 Auer u Kaffisstuff a vu 16.00 Auer u gett eng gutt Hameschmier
zerwéiert.

Häerzlech wëllkomm!


Faaschtenzäit 2026

Mam Äschermëttwoch fänke mer d’Faaschtenzäit un. Mir hu wëlles mat iech an de kommende Wochen eng kleng Retraite am Alldag ze maachen, ënner dem Thema: “Mam Häerz lauschteren”.
All Woch proposéiere mir iech e kuerze Gedanken zu dësem Thema mat enger praktescher Übung fir den Alldag.


Gedanken zur Faaschtenzäit


Porblat

Dat neit PORBLAT 2026/2 ass do.
Et geet vum 14.02.2026 bis den 30.03.2026!

Vill Freed beim Duerchbliederen! 🤗

Klickt wgl. op d’Bild fir eranzeluussen!


De Gedanke fir den Dag

Hei fannt Dir den aktuelle Gedanke fir den Dag!

De Gedanke fir d’Famill

De neie Gedanke fir d’Famill ass en Impuls iwwer d’Liicht fir doheem an der Famill ze maachen!


De Livestream vun der Sonndesmass aus der Heischter Kierch

An der Regel ass all zweete Sonndeg Mass zu Heischent an der Kierch.
Dës Mass iwwerdroe mir am Livestream op eisem Youtube-Channel. Hei kënnt Dir all d’Masse kucken a lauschteren, déi iwwerdro ginn.

An och all aner Produktiounen vun eiser Por, wéi Filmer, De Gedanke fir den Dag, asw. sinn op eisem Youtube-Channel.

Luusst einfach bis eran!

https://www.youtube.com/channel/UC9Sf1ey0yeynnFbTqud4NwQ

Wee wëll an eiser Por matmaachen?

Wëlls du bei eis als Benevol matmaachen?
Bei der Katechees, bei der Kommioun, der Firmung, de Jonken, als Lektor/in, als Kameramann, -fra beim Livestream oder soss entzwousch, da mell dech bei eis.

Mir géifen eis freeën!

Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 474 402
E-Mail: Por Öewersauer
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement