Liens . Links
Agenda
 

Por Öewersauer Saint-Pirmin

Aktuelles

Häerzlech Invitatioun fir d’Kanner- a Familljemass zum Schoulufank


Porblat

Dat neit PORBLAT 2026/6 ass do.
Et geet vum 27.09.2026 bis den 29.11.2026! De Programm vun Allerhellegen an Allerséilen ass dran, Wëssenswäertes iwwer d’Schmäerzensmamm vu Baschelt, a nach vill aner Interessant a spannend Saachen! :-)

Vill Freed beim Duerchbliederen! 🤗

Klickt wgl. op d’Bild fir eranzeluussen!


De Gedanke fir den Dag

Hei fannt Dir den aktuelle Gedanke fir den Dag!

De Gedanke fir d’Famill

Hei ass de Gedanke fir d’Famill fir d’Vakanz!

Mir wënschen Iech all eng ganz schéin an erhuelsam Vakanz a freeën eis am September mat neier Energie rëm lass ze leeën!


De Livestream vun der Sonndesmass aus der Heischter Kierch

An der Regel ass all zweete Sonndeg Mass zu Heischent an der Kierch.
Dës Mass iwwerdroe mir am Livestream op eisem Youtube-Channel. Hei kënnt Dir all d’Masse kucken a lauschteren, déi iwwerdro ginn.

An och all aner Produktiounen vun eiser Por, wéi Filmer, De Gedanke fir den Dag, asw. sinn op eisem Youtube-Channel.

Luusst einfach bis eran!

https://www.youtube.com/channel/UC9Sf1ey0yeynnFbTqud4NwQ


Wee wëll an eiser Por matmaachen?

Wëlls du bei eis als Benevol matmaachen?
Bei der Katechees, bei der Kommioun, der Firmung, de Jonken, als Lektor/in, als Kameramann, -fra beim Livestream oder soss entzwousch, da mell dech bei eis.

Mir géifen eis freeën!

Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 474 402
E-Mail: Por Öewersauer
PDF 11.8 Mio, 6. Juli 2026
QuickTime 20.8 Mio, 6. Juli 2026
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement