Aktuelles
Mir invitéieren Iech all an d’Kanner- a Familljemass zum Schluss vum Schouljoer
dëse Samschdeg um 18.00 Auer um Përmesknupp (tëscht Bitscht an dem Schumann).
D’Umeldunge fir d’Katechees 2025-2026 laafen!
Mellt och Dir Ärt Kand un, andeems Dir de Formulaire hei hannendrun ausfëllt an eng Mail un oewersauer@cathol.lu maacht
Mir freeën eis op e flott a spannend Joer!
De nächste Gedanke fir d’Famill fir de Mount Juli ass do! Vill Freed zesummen!
Porblat
Dat neit PORBLAT 2025/6 ass do.
Et geet vum 12.07.2025 bis den 13.09.2025!
Et begleet eis also duerch déi ganz Summervakanz mat interessanten Infos a Wëssenswertes ronderëm eis Por.
Vill Freed beim Duerchbliederen! 🤗
Klickt wgl. op d’Bild fir eranzeluussen!
Wee wëll an eiser Por matmaachen?
Wëlls du bei eis als Benevol matmaachen?
Bei der Katechees, bei der Kommioun, der Firmung, de Jonken, als Lektor/in, als Kameramann, -fra beim Livestream oder soss entzwousch, da mell dech bei eis.
Mir géifen eis freeën!
Kontakt
Paschtouer Marco Wehles Tel.: +352 83 92 11
Pastoralreferentin Stéphanie Kasel Tel.: +352 691 47 44 02
E-Mail:
Por Öewersauer