Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
Déi lescht Wochen hu mir engem Mensch missen Äddi soen, deen eis vill bedeit huet: Mat eisem Kommiteesmember, dem Paschtouer Carlo Morbach, engem Grënnungsmember vun eisem Veräin, hu mir e Mënsch a Frënd verluer, deen eis vun Ufank u begleet a mat sengem Engagement ënnerstëtzt huet. Leider huet hien de Kampf géint seng Krankheet, déi hien déi läscht Wochen fest am Grëff hat, verluer. Mir wäerten hien an dankbarer a beschter Erënnerung behalen. Och wann hien net méi an eiser Mëtt ass, bleift dat, wat hien eis mat op de Wee ginn huet, bestoen. Gestäerkt duerch eise Glawen a begleet vu gudder Erënnerung wëlle mir mat neiem Elan an Zouversicht an déi kommend Wochen goen an eis gemeinsam Projeten a Missioune mat Häerz a Begeeschterung weiderféieren Ausbléck op 2026:
– November: Bedeelegung: Kanner- a Familljenhëllef Päk- a Wanteraktioun
– 07. Juni: Kulturprommenade mat Mëttegiessen
– 20.06.2026: Bedeelegung um TE DEUM zu Konsdref
– Bedeelegung: Kanner- a Familljenhëllef (Schoulsaachen-/Summeraktioun)
– 15.08.2026: Léiffrawëschdag a Kooperatioun mat der KuPa (10.00 Auer - mat Umellung)
– 26.09. - 27.09.: Kiermesweekend: Bedeelegung Kiermes & Duerffest Konsdref:
26.09.: 18 Auer: Kiermesmass (mat klenger Rezeptioun) #kierchkonsdref
27.09.: Zoppestand um Duerffest vun 11:00 bis 18:00
#duerffestkonsdref #duerffestkonsdref2025
– 10.Oktober 2026: Bedeelegung Kommémoratiounsdag zu Konsdref
– Bedeelegung Vide-Grenier 11.10.2026 an der "Wollefswiss" (10.00-17.00 Auer) Konsdrëfer Floukäpp asbl