|
Vidéo – Messe d’action de grâce Fondation Sainte-IrmineDanksagungsmass fir zéng Joer Fondatioun Sainte-IrmineAm Kader vum 10. Gebuertsdag vun der Fondatioun Sainte-Irmine gouf d’Tëleesmass um 4. Faaschtesonndeg (den 19. Mäerz 2023) aus der neier Kapell vum Foyer Saint-Jean-Paul II um Belval iwwerdroen. De Weibëschof Msgr. Leo Wagener stoung der Feier vir. D’Mass gouf gehale fir all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine, a besonnesch vum Projet “Tëleesmass”. D’musikalesch Gestaltung vun der Feier louch an den Hänn vu Bridder vun der Fraternité Verbum Spei (Fr. Alban, Fr. Augustin, Fr. Raphaël), déi sech um Site vum Belval ëm d’Studentepastoral këmmeren, a vu Membere vun der Famill Camposeo (Diakon Michele, Emanuela, Rosamaria a Gabriele). D’Isabella an de Michele Camposeo sinn hei zu Lëtzebuerg d’Responsabel vum Weltwäite Gebietsnetz vum Poopst. De musikalesche Programm vun der Mass
D’Tëleesmass lieft zanter 2017 virun allem vun der Generositéit vu ganz ville Leit; pro Mass gi 5.000 Euro gebraucht. Fir datt ganz vill Leit, dorënner besonnesch krank an eeler Matchrëschten, och an d’Zukunft d’Sonndesmass via d’Medie matfeiere kënnen, ass all Ënnerstëtzung méi wéi wëllkomm (Kont vun der Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 - Mentioun: Tëleesmass). |