lb fr

1. hl. Kommioun

Zur 1. hl. Kommioun zougelooss ginn nëmmen déi Kanner, déi:

  1. dat 3. Joer hannenaner an der Katechees sinn;
  2. un der ganzer Virbereedung, déi d’Par virgesinn huet, deelhuelen;
  3. reegelméisseg der Sonndesmass bäiwunnen.

Wéi gesäit d‘Virbereedung op d‘Kommioun aus?

  • 5 Virbereedungsdeeg, d.h. 5 Samschdeger vun 9.00 bis 16.00 Auer (tëschent Oktober a Mäerz);
  • Participatioun um Bietdag Ufank Januar;
  • eng Masserklärung am Januar;
  • eng Beichtfeier Ufank Februar;
  • Prouwen virun der Kommioun;
  • Danksagungsmass no der Kommioun

D‘Kommioun ass virgesinn um Weekend vum 30. Abrëll/1. Mee 2022.

Leschten Délai fir d‘Umeldungen fir d‘Kommioun 2022: 30. September 2021

Umeldungen fir d‘Kommioun 2023: ab 1. Oktober 2021

Umeldungsziedel

Fir weider Informatiounen an Umeldungen:

Mme Huguette Muller-Kirsch
email: huguette.muller pt.lu
Tel: 621 180 206

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement