lb fr

Katechees

Nodeems et kee Reliounsunterrecht an der Schoul méi gëtt, bitt eis Par eng chrëschtlech Erzéiung un, fir datt eis Kanner am chrëschtleche Glawen opwuesse kënnen.

Dobei sinn 3 Zieler eis wichteg:

  • de gelieftene Glawen an der Famill
  • de gelieftene Glawen an der Par
  • eng Wëssens- a Glawensvermëttlung

All Sonndeg um 11:45 Auer an der Parkierch zu Bruch (vu September bis Juli): Kannermass um Sonndeg

D’Wuert „Katechees“ kënnt aus dem Griecheschen „katecheo“ a bedeit „ech ënneriichten“:

  • Katechees ass d’Entdecken an d’Verdéiwen vum chrëschtleche Glawen
  • Katechees ass eng vielfälteg a lieweg Glawenskommunikatioun
  • Katechees ass e Geschéihen vu Mënsch zu Mënsch mam Gespier fir Gott

Mir proposéieren gemeinsam katecheetesch Weeër mat de Kanner ze goen:

  • CATE-BAMBINI: fir déi ganz Kleng mat hieren Elteren.
  • CATE-1: éischt Joer.
  • CATE-2: zweet & drëtt Joer.
  • CATE-3: véiert & fënneft & sechst Joer.
  • CATE-4: fir Jugendlecher.
  • CATE-KO: fir Éischtkommiounskanner.
  • CATE-MD: fir Massendénger.
  • CATE-FIR: fir Firmlingen.
  • CATE -TOUS: fir all Interesséiert.

Wou fannen dës CATE’en statt?

Parzenter
61A, route d’Arlon
L-7415 Brouch (Mersch)

Fir weider Informatiounen an Umeldungen:

email: aischdall-helpert cathol.lu

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement