Pastoralteam

Eng Par gëtt vun engem Pastoralteam geleed. D’Pastoralteam ass zoustänneg a responsabel fir déi pastoral an administrativ Aufgaben an eiser Par. An eisem Pastoralteam hu mer am Moment véier Leit: de Paschtouer, den Diakon, d’Parassistentin an d’Sekretärin. De Paschtouer ass zoustänneg fir d’Sakramentespendungen an d’pastoral Begleedung vun de Mënschen. Hiën ass den Haushär vun de Kierchen an trëfft d’Decisiounen, wat d’Pastoral ugeet.

E Paschtouer kann ënnerstëtzt ginn vu weidere Geeschlechen (Kaploun, Subisidiar…). Bei äis an der Par ass momentan de Paschtouer alleng als Geeschlechen a versicht, d’Par zesummenzehalen an zesummenzeféieren. Hië gët ënnerstëtzt vum Diakon, dee bei äis bénévol matschafft, an enger Parassistentin: déi ass zoustänneg fir d’Katechees (Organisatioun, Inhalt) an d’Éischtkommiounsvirbereedung a coordinéiert déi betreffend Teamer. Ënnerstëtzt gët d’Pastoralteam vun der Sekretärin.

D’Pastoralteam ass also d‘ „Exekutiv“ vun eiser Par. Well och ee Pastoralteam nët alles alleng maach kann, ginn si um Niveau vun der Par vun zwee wichtege Réit berooden a begleed:

  1. fir d’Finanzen vun der Par: Conseil de gestion paroissial (CGP).
  2. fir d’Pastoral an der Par: Pastoralrot.

Abbé Joël Santer, curé-modérateur

Presbytère

61 route d’Arlon, L-7415 Brouch/Mersch

Tel. 26 61 04 03

Fax 26 61 09 03

Email

Abbé Joseph Halsdorf, diacre permanent

19 an Uerbech, L-7418 Buschdorf

Email

Huguette Muller-Kirsch, haaptamtlech Mataarbechterin

62 rue Ch.-F. Mersch, L-7790 Bissen

Tel. 621 180 206

Fax 26 88 50 20

Email

Chantal Lotzkes, Sekretärin

6 route de Mersch, L-7780 Bissen

Tel. 83 50 03 - 495

Fax 26 88 74 98

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement