Parsekretariat am Parzenter
61A, route d’Arlon
L-7415 Brouch (Mersch)
Tel.: 20800260 / Email: aischdall-helpert@cathol.lu
Bürostonnen fir de Public:
freides vu 14:00 bis 17:00 Auer.
Ausserhalb vun de Bürostonnen: Kontakt iwwer Email oder Rendez-Vous.
D’Parsekretariat ass disponibel fir all Massebestellungen, Ufroen fir Certificaën oder aner Servicer.
Zéckt net, Iech bäi all Froen un d’Sekretariat ze wenden.
Bestelle vu Massen
Massintentiounen kënnt Dir ëmmer am Parsekretariat bestellen. Wann Dir op ee bestëmmten Termin eng Mass wëllt hunn an dës Mass soll um Parbréif ugekënnegt ginn, dann ass et gutt, wann Dir Iech mat Zäit mëllt, jiddefalls op mannst 14 Deeg, éier deen ale Parbréif ofleeft.
D’Masstarifer an der Par sinn déi hei:
– Mass (sonndes): 30 Euro
– Mass (wiertes): 20 Euro
– gregorianesch Massen: 700 Euro (fir 30 Massen)
– Massnoven: 200 Euro (fir 9 Massen)
– Hochzäit: 150 Euro
– Daf: 25 Euro
– Begriefnesfeier um Kierfecht: 40 Euro
– Begriefnismassen: 125 Euro
– Massen bei aussergewéinlech Uläss: 125 Euro
– 5 Massen op 5 Joer: 160 Euro
– 10 Massen op 10 Joer: 330 Euro