Eucharistie

D’Eucharistie ass de Mëttelpunkt vum kierchleche Liewen. All Dag feiere mer d’Mass an eng vun eise Kierchen oder Kapellen an an eisen Altersheemer.

Zu Téinten ass eis Sakramentskierch: an der Sakramentskapell steet een Tabernakel, deen een op- an zoumaache kann. Sou huet een an eiser Par all Dag vu mueres bis owes d’Méiglechkeet, den operstanenen Jesus Christus am allerhellegsten Sakrament unzebieden. Häerzlech Invitatioun u jiddereen!

D’Helleg Kommioun kann awer och zu jidder Zäit vum Här Paschtouer oder vum Här Diakon heem bruecht ginn. Rufft einfach am Parsekretariat un oder mellt Iech iwwer Email beim Parsekretariat, beim Här Paschtouer oder beim Här Diakon.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement