Firmung

D’Sakrament vun der Firmung ass d’Vollendung vun der Daf a bild zesummen mat der Daf an der Eucharistie déi “dräi Sakramenter vun der chrëschtlecher Initiatioun”. Si gëtt als Gof vun der Kraaft vum Hellege Geescht un de Chrëscht verstanen. Dës soll him dobäi hëllefen, méi déif an eng Relatioun mam Gott ze trieden, sech méi fest a Christus anzeglidderen, seng Verbindung zur Kierch ze stäerken, sech méi un hirer Sendung ze bedeelegen an ze hëllefen, a Wuert an Dot fir de chrëschtleche Glaawen Zeechen ofzeginn.

Fir d’Firmung am Joer 2024 muss de Firmkandidat:

  • virum 31. Dezember 2009 gebuer sinn;
  • gedeeft sinn;
  • un der Firmvirbereedung vun der Par deelhuelen;
  • reegelméisseg d’Sonndesmass matfeieren.

Dat erklärt sech doduerch, datt d’Firmung jo e fräie Choix soll sinn, deen den erwuessene Mënsch a senger Fräiheet hëllt.

Weider Informatiounen kritt Dir:

  • beim Här Paschtouer Joël Santer oder
  • am Parsekretariat (aischdall-helpert cathol.lu)

Déi nächst Firmung ass virgesinn fir e Samschdeg, den 9. November 2024, mueres um 10:30 Auer an der Parkierch St-Mattheis zu Bruch.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement