Adventsfënster vum 1. bis de 24. Dezember

24 Fënstere mat Motiver zum Thema „Advent a Chrëschtdag“ an der Gemeng Käerch

Adventsfënster – Umeldunge virum 6. November

Organisateur: Gemeng Käerch

 
Vum 1. bis de 24. Dezember 2026 ginn – bei genuch Umeldunge – 24 Fënstere mat Motiver zum Thema «Advent a Chrëschtdag» vun iech dekoréiert. All Dag gëtt eng Fënster opgemaach, déi d’Leit aus der Gemeng kënne kucke goen.

Gesicht ginn…
24 Leit oder Familljen aus der Gemeng Käerch, déi bei dëser Aktioun matmaachen an eng Fënster vun hirem Doheem dekoréieren.

E puer Erklärungen
All Fënster kritt eng Nummer vun 1 bis 24. Wann eng Fënster z. B. d’Nummer 6 huet, gëtt se de 6. Dezember opgemaach. D’Fënster an d’Nummer solle vun der Strooss aus gutt siichtbar sinn.

Et ginn zwou Varianten:

Stëllfënster
Dir dekoréiert eng Fënster an d’Leit spadséiere laanscht fir sech Är Dekoratioun unzekucken.

Fënster an Aktioun
Dir dekoréiert eng Fënster a loosst Iech nach eppes afalen (z. B. eng Adventsgeschicht virliesen) an/oder Dir kënnt eng Klengegkeet fir d’Leit, déi kucke kommen zerwéieren (z. B. Glühwäin oder Kichelcher).

D’Adventsfënster soll – nodeem se op ass – all Dag vun 18 Auer bis 20 Auer beliicht sinn.

Eng Lëscht mat den Datumer, geneeën Auerzäiten an den Adresse vun de Léit, déi matmaachen, gëtt Enn November publizéiert.

Umeldunge virum 6. November 2026
per Email: communication@koerich.lu oder per Telefon: 288 355 221

Organisateur: Gemeng Käerch

Adventsfënster vum 1. bis de 24. Dezember
Organisateur: Gemeng Käerch
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement