lb fr

Oktav

Pilgerdag an d’Oktav fir d‘Kanner zesumme mat hiren Elteren

De 15. Mee 2025 ass de Pilgerdag vun eisem Dekanat an d’Oktav. Mir pilgere bei d’Maria, d’Tréischterin am Leed.
Wat pilgeren ass a wat et mat dëser Traditioun hei zu Lëtzebuerg op sech huet, wëlle mir zesummen entdecken.
Dofir bidde mir de Kanner an hiren Eltere folgende Programm un:
Rendez-Vous um 15h00 um Houwald an der Kierch. Geplangt ass eng flott Aktivitéit zum Thema. Da gi mir ze Fouss bei den Tram, deen eis an d‘Stad bréngt.

Umelle musst Dir Iech bis spéitstens de 8. Mee:

D’Kanner mussen alleguer vun engem responsabelen Erwuessene begleed ginn!
Kleeder dem Wieder no!

Um 17h20 ass de Rendez-vous an der Cité judiciare fir d’Pressessioun mat allen, déi an der Familljmass wëllen dobäi sinn.
Um 18h00 feiere mir dann zesummen eng Oktavmass fir d’Familljen an der Kathedral

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement