Familljemass fir Liichtmëssdag

Samschdeg, den 1/02/25 um 18:30 hu mär zesummen mat de Kanner, hiren Elteren an der Pargemeinschaft, eng Familljemass fir Liichtmëssdag gefeiert.
D’Kanner haten hir Lampion’en dobäi.
Fir eis all ze verdäitlechen wat Liichtmëssdag mat Jesus zu dinn huet, sinn wärend der Priedegt d’Luuchten an der Kierch fir en Abléck ausgemaach ginn, an d’Kanner hunn hir Lampion’en ugemaach.
Richteg impressionnant - d’Fotoen ginn et leider nëmmen wéineg zeréck.
Zum Schluss vun der Mass, sinn d’Kanner all no vir bei den Altor komm an hir Liichtebéngelen, mat deenen si d’Liicht vu Jesus eraus bei d’Leit droen si geseent ginn.
D’Mass huet opgehal, wéi se ugefaang huet: Léiwer Härgottsblieschen - hunn d’Kanner gesong wéi se an d’Kierch erakomm sinn, an och wéi se erausgaang sinn.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement