lb fr

D’Faarwen vun der Liturgie

D’Stola an d’Massgewand, wéi och d’Kleed vun der Tréischterin hu jeeweils verschidde Faarwen, jee no dem Fest an der liturgescher Zäit.

Faarf Bedeitung vun der Faarf Zäit am Joreskrees Besonnesch Deeg a Fester
mof vun der Bouss a vun der Trauer Advent a Faaschtenzäit
wäiss vun der Freed d’Chrëschtzäit an d’Ouschterzäit Muttergottesfester (Maria),
Fester zu Éieren vun Hellegen, freedeg Jesusfester
gëllen bei besonneschen Héichfester, wéi Chrëschtdag an Ouschteren
rout vum Blutt Pällemsonndeg, Karfreideg; Gedenkdeeg un Märtyrer (= Leit, déi wéinst hirem Glawen u Jesus gestuerwe sinn)
rout a vum Hellege Geescht Päischten an oft bei Firmungen
gréng vun der Hoffnung a vum Liewen Gewéinlech Sonndeger a Wiertes (wa keen anert d’Fest ass an domadder eng aner Faarf)
rosa Kann an d’Plaz vun der mofer Faarf op deenen zwee “freedege Sonndeger” geholl ginn,

- um 3. Adventssonndeg (Gaudete)

- um 4. Faaschtesonndeg (Laetare = Halleffaaschten)


weiderféierend Artikelen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement