De Matthäus ass grad wéi de Paulus e Mënsch, deen net einfach esou de Wee bei de Jesus fonnt huet.
Grad ewéi de Paulus ass och de Matthäus vum Jesus ausdrécklech geruff ginn. Dunn eréischt huet hie säi Liewe geännert a ganz op Jesus Christus ausgeriicht.
De Matthäus war vu Beruff Steierandreiwer an der Stad Kafarnaum.
Wéinst sengem Beruff war hien net sonnerlech gutt ugesi bei de Leit, a well hien d’Steiere fir déi réimesch Besatzungsmuecht agedriwwen huet, gouf hie vun den Judde veruecht.
Wéi de Jesus bei sengem Steierbureau laanscht kënnt, seet hien zum Matthäus : « Komm mat ! » De Matthäus hieft sech an hëlt de Jesus mat bei sech heem. Si iessen zesummen, a mat hinnen nach e sëllechen aner Steierandreiwer.
Wéi d’Pharisäer dat gesinn a sech doriwwer iergeren, seet de Jesus zu hinnen : « Et sinn net déi Gesond, déi en Dokter brauchen, mee déi Krank. — Ech sinn net komm fir déi ze ruffen, déi gerecht sinn, mee fir déi, déi gesënnegt hunn. »
De Matthäus ass beim Jesus bliwwen an huet als ee vu sengen zwielef Apostelen säin Evangelium verkënnegt an déi Gutt Noriicht erausgedroen an d’Welt.
Laang Zäit gouf geduecht, den Apostel Matthäus wier deeselwechte Mënsch wéi den Evangelist an Auteur vum Matthäus-Evangelium.
Dat ass och de Grond fir dem Matthäus seng Attributer : e Schreifpult, e Buch an eng Schreiffieder.
Säi Symbol als Evangelist ass e Mënsch mat Flilleken oder och en Engel.
Den Apostel Matthäus soll wéi vill aner Frënn vum Jesus als Märtyrer gestuewe sinn. Je no Legend gouf hie gekäppt, erstach oder verbrannt.
Wéi och ëmmer : am 11. Joerhonnert goufe seng Schanke op Salerno an Italien bruecht. Bis haut gëtt de Matthäus hei als Patréiner vun der Stad a vum Bistum veréiert.
Den Evangelist Matthäus begéine mir an dësem Kierchejoer méi dacks. Hien ass den Evangelist vum Liesjoer A, dat mir elo am Advent ugefaangen hunn.
De Message, deen den Apostel Matthäus eis mat op de Wee gëtt, ass e Message vun der Hoffnung a vun der Zouversiicht fir vill Mënschen :
Gott sicht net déi Staark an déi Gesond — hie rifft déi bei sech, déi Schold op sech gelueden hunn, déi ënnert hire Sënne leiden oder vun anere veruecht ginn.
Meditatiounen am Advent (lb/fr)