lb fr

Paulus

De Paulus ass kee vun de klasseschen zwielef Apostelen. Hie gëtt gären als dräizengten Apostel bezeechent, well de Jesus hien op eng ganz speziell Aart a Weis bei sech geruff huet.
De Paulus koum mam Numm Saulus an enger streng religiéiser jiddescher Famill zu Tarsus an der réimescher Provenz Kilikien op d’Welt. Vu sengem Papp, deen e Pharisäer war, huet hien dat réimescht Biergerrecht geierft, wat a sengem spéidere Liewen nach vu groussem Notze sollt sinn.
Hien huet zu Jerusalem studéiert a gouf herno selwer e streng gleewege Pharisäer. Hie war och sproochebegaabt an huet Griichesch, Hebräesch an Aramäesch geschwat.
De Paulus war zu enger Zäit ënnerwee, wéi déi éischt Chrëschten nom Jesus senger Himmelfaart ugefaangen hunn, kleng Gemeinschaften ze grënnen.
Als gleewege Judd a Pharisäer huet hien dës fréi Chrëschte fir geféierlech gehal. Hien huet si energesch a radikal bekämpft. Déi eng goufen op säin Uerder hin dout gemaach, anerer sinn an de Prisong komm.
An der Apostelgeschicht kënne mir noliesen, wéi de Paulus enges Daags mat senge Männer no Damaskus geridden ass. Hien hat geplangt, do Chrëschte gefaangen ze huelen an anzespären.
Ënnerwee awer huet hie stënterlech misse stall halen. Vum Himmel aus huet eng grell Luucht op hien erofgestraalt. Geblennt vum Schäin ass hie vum Päerd gefall an huet eng Stëmm héieren, déi zu him sot: “Saulus, Saulus, firwat verfollegst du mech?” — “Här, wie bass du?” huet hie gfrot. — An d’Äntwert war: “Ech sinn de Jesus, deen, deen s du verfollegs. Géi erof an d’Stad, do kriss du gesot wat s du maache solls.”
Dee grelle Stral hat de Paulus blann gemaach. Hie konnt näischt méi gesinn, a seng Leit hunn hie misse féieren. Zu Damaskus huet den Hananias, e Jünger vum Jesus, him d’Hänn opgeluecht. De Paulus konnt elo nees gesinn. Duerch dëst Erliefnes bekéiert huet hie sech deefe gelooss.
Vun do un ass hien es net midd ginn, dem Jesus säin Evangelium iwwerall ze verkënnegen an ze verbreeden. Als réimesche Bierger konnt hie sech deemools iwwerall fräi beweegen.
Op dräi laange Missiounsreesen ze Fouss, um Päerd an um Schëff huet hien déi gutt Noriicht vum operstanene Christus am ganze Mëttelmierraum bekannt gemaach an iwwerall nei chrëschtlech Gemeinschafte gegrënnt.
Déi déifsënneg philosophesch Bréiwer, déi hien un dës Communautéite geschriwwen huet, sinn als neitestamentlech Texter an d’Bibel opgeholl ginn.
Obschonns hie Réimer war, gouf hie schliisslech zu Roum festgeholl an zum Doud veruurteelt.
Seng Attributer sinn d’Schwert an d’Buch: dat eent weist eis, wéi hie gestuerwen ass, dat anert wéi gescheit hie war.
De Message, deen de Paulus eis hannerléisst, ass e Message vun der Hoffnung a vun der Zouversiicht:
Et ass am Liewen ni ze spéit fir d’Kéier ze kréien a Christus ze erkennen als eise Messias an Erléiser.


Meditatiounen am Advent (lb/fr)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement