lb fr

"D’Friddensgebiet" vum Franz vun Assisi

Pällemsonndeg - Karwoch

Loosse mär an dëser Karwoch speziell fir de Fridden bieden.

  • an eisem Alldag
  • an der Welt

Fänke mär bei eis selwer un.
Kucke mär stëll op d’Foto a loossen eis beréieren ...

dans l’église Saint Martin; Yport en Normandie (France)

Biede mär ...

Gott,
maach aus mir en Instrument vun dengem Fridden:

  • do wou Haas ass, looss mech Léift bréngen
  • do wou Beleidegung ass, looss mech Verzeie bréngen
  • do wou Sträit ass, looss mech Eenegkeet bréngen
  • do wou Iertum ass, looss mech Wourecht bréngen
  • do wou Zweiwel ass, looss mech de Glawe bréngen
  • do wou Verzweiwelung ass, looss mech Hoffnung bréngen
  • do wou Däischtert ass, looss mech Liicht bréngen
  • do wou Trauregkeet ass, looss mech Freed bréngen

Gott,
maach, datt ech manner siche

  • getréischt ze ginn, wéi ze tréischten
  • verstan ze ginn, wéi ze verstoen
  • Léift ze kréien, wéi Léift ze ginn

Well,

  • andeem ee gëtt, kritt een,
  • andeem ee sech vergësst, fënnt een sech,
  • andeem ee verzeit, kritt ee verzeien,
  • andeem ee stierft, steet een op zum éiwege Liewen.

Meditatiounen an der Faaschtenzäit’26


Gebiet

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement