
|
|
« Vom Kreuz zur Auferstehung »D’Feier vun der Karwoch an OuschterenD’Karwoch (Kar = Trauer, Leed) ass fir äis Chrëschten déi wichtegst a glawensintensiivst Woch vum ganze liturgesche Joer. Si fänkt u mat dem Pällemsonndeg a féiert äis hin zum sougenannten ‘Triduum paschale’, deen déi dräi Deeg vum Leiden, Stierwen, der Grabesrou an der Operstéiung vu Christus ëmfaasst. Um Pällemsonndeg – dem 6. Sonndeg vun der Faaschtenzäit – gedenke mir dem feierlechen Anzuch vu Christus an d’Stad Jerusalem, wou hien seng Passioun erliewe wäert. Op engem Iesel reit hien an d’Stad eran, begeeschtert ëmfaangen vun de Leit, déi hir Kleeder op de Buedem leeën a mat Palmstreiss an den Hänn him freedeg zouruffen : « Hosanna, dem Jong vum David. » Si gesinn a Jesus Christus de Messias, deen erhofften an ersehnten Friddenskinnek, dee kënnt fir d’jüddescht Vollek vun der réimescher Besatzung ze befreien. Awer seng Kinneksherrschaft wäert sech op aner Aart a Weis verwierklechen. Si féiert hien un d’Kräiz. Feste Bestanddeel vun der Pällemsonndeg-Liturgie sinn d’Pällemseenung an d’Pällempressessioun. Vun enger éischter Pällempressessioun gëtt schonns ëm d’Joer 400 zu Jerusalem erzielt. Am Weste fënnt een se eréischt Enn vum 8. Jorhonnert. Obwuel si äis un den Anzuch vu Christus an d’Stad Jerusalem erënnere soll, ass si keen Nospillen am Sënn vun engem Mysterie- spill, mee si ass eng ëffentlecht Bekundung vun der Christusnofolleg am Glawen. Den Ufank vun dem ‘Triduum paschale’ mécht de Gréngendonneschdeg (Gréng = greinen, kräischen). D’Liturgie vun deem Dag ass virun allem vum Gedenken un d’Lescht Abendmahl vu Jesus Christus mat senge Jünger an d’Asetzung vun der Eucharistie gepräägt. Um Virowend vu sengem Doud stëft Jesus d’Eucharistie, andeems hie Brout a Wäin hëlt, béides seent a seet « Dat ass mäi Läif. – Dat ass mäi Blutt. » An der Eucharistie ass Jesus Christus real present a schenkt sech äis Gleeweg als Nahrung, fir äis ze stäerken. Des Weideren erënnert de Gréngendonneschdeg un d’Asetzung vum Priistertum a mécht konkret, wéi gäre Jesus Christus d’Mënschen huet. An der Fusswaschung weist hien äis, datt hie komm ass, net fir bedéngt ze ginn, mee fir ze déngen. Sengem Beispill vu Léift, déi esou grouss war, datt si hien un d’Kräiz gefouert huet, hu mir als Chrëschten nozefollegen. De Karfreideg ass gepräägt vum Gedenken un d’Leiden an d’Stierwe vu Christus. Nodeems de Jesus vum Judas Iskariot verrode gouf a verhaft gouf, gëtt hie virun den Hohepriister, de Sanhedrin a schliisslech bei de réimesche Statthalter Pontius Pilatus gefouert. Dëse léisst hien vun den Zaldoten auspeitschen an op Drock vum Vollek hin zum Doud verurteelen. Bausse virun de Jerusalemer Stadmaueren um Bierg Golgota gëtt hie gekräizegt an – nach a senger Doudesstonn – vertraut hien seng Mamm Maria äis als Mamm un a verzeit senge Peineger. Jesus Christus, deen ouni Sënd a Schold war, hëlt Leiden an Doud op sech fir äis vu Sënd an Doud ze erléisen. « In cruce salus, in cruce vita, in cruce spes. » – « Am Kräiz ass Heel, am Kräiz ass Liewen, am Kräiz ass Hoffnung. » No dem Doud um Kräiz, gëtt de Jesus vum Kräiz erofgeholl an an engem Graf vum Jousef vun Arimathäa bäigesat. De Karsamschdeg war schonns an der aler Kierch – an dat bis haut – den Dag vun der Grabesrou ouni eege Liturgie. Mat dem Abroch vun der Däischtert – owes um Karsamschdeg – fänkt déi wichtegst liturgesch Feier vum Kierchejoer un : d’Ouschtervigil. Si setzt sech zesummen aus der Liichtfeier (Seene vum Feier, Bereedung vun der Ouschterkäerz, Exultet), dem Wuertgottesdéngscht, der Daffeier an der Eucharistiefeier. A grousser Festlechkeet feiere mir d’Operstéiung vu Christus, dee Sënd an Doud iwwerwonnen huet. « Ostern ist das Siegesfest des ewigen Lebens. » (Gertrud von Le Fort) (Text: J.-P. REINERS) |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
