lb fr

Taizé Gebiet

Taizé-Gebiet

All 1. Sonndeg am Mount um 18:00
An der Kierch zu Lamadelaine

Taizé Gebiet – wat ass dat?

En Taizé-Gebiet ass eng besonneg Form vu Gottesdéngscht - an enger roueger, besënnlecher Atmosphär oft am Käerzeliicht.
En Taizé-Gebiet besteet aus: bibleschen Texter, einfache Lidder vun Taizé, Momenter vu Stëllt, kuerz Gebieder, (fräi formuléierten) Fürbitten, dem Eise Papp an engem Seegensgebiet.
Duerch d’Gesäng vun Taizé entsteet eng meditativ Atmosphär, an déier et méi einfach gëtt fir an der Stëllt, am Gebiet, sengen Gedanken fräie Raum ze ginn a esou säi perséinlecht Gebiet an d’Hänn vu Gott ze leeën.

D’Gesäng vun Taizé

Dëst sinn kuerz Lidder, meeschtens just e Saz, deen méi oft widderholl gëtt. Sou datt och d’Lidd selwer zum Gebiet gëtt an eng ënnerlech Rou entstoe kann.
Dës Gesäng si ganz einfach ze léieren, sou datt jiddereen matsange kann.

Taizé

Taizé ass en Duerf am Frankräich. Et läit an der Bourgogne net wäit vu Mâcon. 1944 huet de Roger Schütz do eng kleng ökumeenesch Communautéit gegrënnt.

Weider Informatiounen zu Taizé


zeréck op Gottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement