Dräikinniken (Epiphanie) (mam 1. Joer)

Mt 2,1-12

Am 1. Joer vun der Katechees hu mär héieren, wéi 3 Männer (haut nenne mär se déi 3 Kinniken) sech vu wäitem op de Wee bei de Jesus maachen.
Si ginn engem hellen Stär no a fannen de Jesus zesummen mat Maria, senger Mamm zu Betlehem an engem Haus.
Kuerz haten si de Stär, de Wee verluer
Sinn awer no engem klengen Ëmwee nees um richtege Wee geland.

Sou sinn si fir eis e Virbild.
Och mär sollen eis op de Wee bei Jesus maachen,
an en Ëmwee soll eis net vun eisem Wee ofbréngen,
mä eis hëllefen um richtege Wee ze bleiwen.
Jesus fir eise Liewenswee ze erkennen an en matzehuelen.
(Foto: Katechees Par Déifferdeng; 3 verschidde Gruppen)


Zeréck op Fotogalerie vun de Katechees

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement