Familljemass: Hl. Klara vun Assisi

4. Faaschtesonndeg

Samschdes, den 14/03 owes um 18:30 hu mär mat eise Kommiounskanner, de Kanner aus der P’tite Pasto an alle Kanner aus der Katechees, déi vun hiren Elteren begleet goufen, eng flott Familljemass gefeiert.
Mär hunn eis d’Liewen an d’Wierken vun der Hl. Klara vun Assisi ugekuckt.
Dëst Joer ass den 800. Doudesdag vum Hl. Franz vun Assisi, dee mär an eiser Par wäert méi feieren. D’Klara ass dem Beispill vum Franzikus nogaang. Si huet op de Räichtum an en angenemt Liewen am Luxus verzicht, fir sech ganz an den Déngscht vu Jesus ze stellen. Si huet hiert Liewen dem Gebiet gewidmet.
"D’Klara ass fir eis e Beispill. Och mär sollten eis méi oft Zäit fir d’Gebiet huelen an op muenches verzichten, fir esou Zäit fir eis Matmënschen an fir Gebiet hunn", sot den abbé Jean-Pierre Reiners a senger Priedegt


Zeréck op Fotogalerie Familljemassen

Kontakter vun der Katechees

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement