Kannerkräizwee

Karfreideg

Op Karfreideg hu mär, d’Equipe Katechees zesummen mat eise Kommiounskanner an hirer Famill, esou och e puer Parleit de Kräizwee vu Jesus gebiet a betruecht.
Biller a meditative Gesang hunn eis dobäi gehollef an déi stëll Stëmmung vum Karfreideg eranzekommen. Dës hu mär och dono mat erausgeholl.
Déi ronn 130 Kanner an Erwuessener hunn an der Stëllt d’Kierch vun Uewerkuer verlooss.
Et war eng Stonn, déi ënnert Haut gaang ass.


zeréck op Parliewen

d’Kontakter vun der Katechees

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement