Spenden vun den Initiatiounssakramenter

um 6. Sonndeg am Joereskrees

Sonndes, den 15/02/26 Pontifikalmass mam Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg.

Et war eng besonneg Mass, déi mär zu Uewerkuer an eiser Parkierch gefeiert hunn.
Et kënnt siele fir, datt an enger Mass 2 jonk Männer - JO - zum Glawen soen.
Fir d’éischt ass deen ee vum Kardinol gefirmt ginn. Hien ass duerno de Pätter vum 2. jonke Mann ginn.

Dëse gouf gedeeft, duerno gefirmt an huet och seng éischt Kommioun empfaang.
Eise Kardinol huet et sech net huele gelooss, fir dës Sakramenter perséinlech ze spenden.

Virbereet op dës Sakramenter goufen déi zwee Jonker vum Dechen a Curé-moderateur Jean-Pierre Reiners.

Et war eng ganz besonnesch Feier, déi een als Par net oft erliewe kann.

Mär wënschen deenen 2 alles Guddes a Gottes Seegen op hirem Glawenswee.
Grad esou wënsche mär eis och, datt se an hirer Pargemeinschaft aktiv matschaffen.


zeréck op Parliewen

zeréck op d’Haaptsäit

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement