Helleg Maria Goretti

6. Juli

Zu Uewerkäerjeng an enger Kierchefënster gëtt et eng vun deenen an eiser Äerzdiözees raren Duerstellunge vun där Helleger, déi mir de 6. Juli feieren : d’Maria Goretti.
Gebuer de 16. Oktober 1890 zu Corinaldo bei Ancona an Italien, koum si aus enger aarmer kannerräicher Bauerefamill.
Opgrond vun extremer wirtschaftlecher Nout, hunn hir Eltere Luigi Goretti an Assunta Carlini mat hire Kanner 1899 hiert Duerf verlooss, an der Hoffnung zu Ferriere di Conca – engem Duerf bei Nettuno – besser Aarbechtsméiglechkeeten als Pächter ze fannen.
Ee Joer méi spéit ass de Papp Luigi duerch Malaria gestuerwen, an dat jonkt Maria – genannt Marietta – huet sech missen ëm hir méi kléng Gesëschter këmmeren, wärend hire Brudder zesumme mat der Mamm um Feld geschafft hunn.
Zu där Zäit huet am selwechten Haus den Alessandro Serenelli gewunnt, deen d’Maria méi wéi eemol bedrängt a belästegt huet – bis et schliisslech zum schreckleche Virfall koum. De 5. Juli 1902 huet den 20-järegen Alessandro versicht, dat eeleft Joer aalt Maria ze vergewaltegen. Mat aller Kraaft huet d’Maria Goretti sech gewiert an ëmmer nees geruff « Das ist Sünde, Alessandro, du kommst in die Hölle. » Wéi den Alessandro gemierkt huet, datt d’Meedchen sech ëmmer méi géint hie wiert, huet hie mat enger Pique (= Ahle, alène) 14 Mol op d’Maria agestach, an duerno d’Flucht ergraff.
Schwéierverletzt koum d’Meedchen an d’Spidol vun Nettuno, wou et den Dag drop, de 6. Juli 1902, un de Follgen vu senge Verletzunge gestuerwen ass. Nach um Stierfbett huet et fir säi Peineger gebiet an him verzie mat de Wieder : « Aus Liebe zu Jesus vergebe ich ihm, ich möchte, dass er mit mir ins Paradies kommt. »
De 27. Abrëll 1947 huet de Poopst Pius XII. d’Maria Goretti séileggesprach, an de 24. Juni 1950 koum et duerch de selwechte Poopst, an a Präsenz vun der Mamm, zu hirer Hellegspriechung – iwweregens déi éischt, déi wéinst de ville Pilger baussen op der Péitersplaz zu Roum stattfonnt huet.
Hir leschte Rou huet d’Maria Goretti – Märtyrerin vun der Rengheet a Virbild vun engem Mënsch voller Nächsteléift a Verzeien – am ‘Santuario di Nostra Signora delle Grazie e di Santa Maria Goretti‘ zu Nettuno fonnt.

Den Alessandro Serenelli sengersäits gouf zu 30 Joer Zwangsaarbecht verurteelt. Wärend seng Prisongszäit ass him am Dram säin Affer erschéinen, dat him 14 Lilie geschenkt huet. Doropshin huet hien seng Dot déif bereit. Wéinst gudder Féierung gouf hien op Chrëschtdag vum Joer 1928 entlooss a huet reumüteg d’Mamm vum Maria Goretti opgesicht a si ëm Verzeiung gefrot, déi him och gewäert gouf.
Duerno ass hien dem 3. Uerde vun de Minder-Bridder vun de Kapuziner bäigetratt, huet sech an d’Kapuzinerklouschter Macerata zréckgezunn, wou en, an engem Liewe voller Bouss, als Gäertner geschafft huet an am Joer 1970 am Alter vu 87 Joer gestuerwen ass.

Helleg Maria Goretti, biet fir all jonk Meedercher a Fraen, a fir äis all.

(Text: J.-P. REINERS)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement