Hellegen Aloysius (= Luigi) vu Gonzaga

21. Juni

Als eelste vun 8 Kanner, an domadden ierfberechtege Jong vum Grof Ferdinand vu Castiglione a senger Fra Marta Tana di Santena, koum den hellegen Aloysius (= Luigi) vu Gonzaga de 9. Mäerz 1568 zu Castiglione delle Stiviere an Italien op d’Welt. Schonns als Kand – beaflosst duerch seng Mamm – ass hien duerch seng grouss Frëmmegkeet opgefall.
Mat 4 Joer gouf hie vu sengem Papp an d’Militärliewen agefouert.
Wéi hien awer mat 7 Joer, bedéngt duerch eng Malaria-Erkrankung, un d’Bett gefesselt war, huet den Aloysius lues a lues eng ënnerlech-spirituell Wandlung matgemaach, déi dozou gefouert huet, datt hien um Militär kee Spaass méi fonnt huet.
Am Alter vun 10 Joer gouf hien zesumme mat sengem Brudder Rodolpho als Page op den Haff vum Francesco I. de’ Medici op Florenz geschéckt. Am selwechte Joer huet hien zu Florenz an der Kierch ‘Santa Maria Maddalena dei Pazzi’ virun engem Muttergottesbild e Gelübde vun der éiweger Keuschheet ofgeluecht.
No senger Zäit zu Florenz koum hien op Madrid op den Haff vum Kinnek Philippe II. vu Spuenien. Hei gouf hien – nach méi wéi zu Florenz – konfrontéiert mat Intrigen, Sittenlosegkeet a Brutalitéit vum Adel. Den Aloysius wollt esou net liewen.
Groussen Androck vun engem Jong voller Glawen a Gottvertrauen huet hien an dëser Zäit op de Kardinol Karl Borromäus vu Mailand gemaach, deen den Aloysius op seng Éischt Kommioun virbereet huet an hien och opmierksam gemaach huet op de neigegrënnten Uerde vun de Jesuiten.
No räiflecher Iwwerleeung wollt de jonken Aloysius bei de Jesuiten antrieden, wat hien och 1583 gemaach huet, nodeems hien d’Awëllegung vu sengem Papp, op déi hie laang huet misse waarden, krut hat.
1585 huet den Aloysius all Adelsprivileegien ofgeluecht, fräiwëlleg – zu Gonschte vu sengem Brudder Rodolpho – op säin Ierwe verzicht an d’Noviziat zu Roum bei de Jesuiten ugefaangen.
Zwee Joer méi spéit huet hien am Collegio Romana seng Gelübden ofgeluecht.
Niewent sengen theologesche Studien huet hien sech – nom Doud vu sengem Papp – als Friddensvermëttler an de familiäre Muechtkämpf ervirgedoen, huet zu Roum am Hospiz ‘Santo Spirito in Sassia’ Kranker gefleegt a sech agesat, datt och Aarmer e würdegt Begriefnes sollte kréien. Wärend der Peschtepidemie zu Roum huet hien sech bei der Fleeg vu de Kranken ugestach an ass – e Joer no senger Priisterwei – den 21. Juni 1591 am Alter vun nëmmen 23 Joer gestuerwen.
Seng leschte Rou sollt den Aloysius am Zentrum vu Roum an der Kierch ‘Sant’ Ignazio di Loyola’ fannen. Seng Kappreliquie läit an der Aloysius-Basilika zu Castiglione delle Stiviere.
Den 19. Oktober 1605 ass seng Séilegspriechung duerch de Poopst Paul V. erfollegt, an den 31. Dezember 1726 seng Hellegspriechung duerch de Poopst Benedikt XIII.
Den Aloysius gëllt bis haut als Schutzpatréiner vun der Jugend an de Studenten. Säi Gedenkdag ass den 21. Juni.
Hellegen Aloysius vu Gonzaga biet fir d’Studenten, a fir äis all.

(Text: J.-P. REINERS)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement