Hl. Perpetua an Hl. Felicitas

7. Mäerz

An der tuneesescher Haaptstad Tunis kann een op verschiddene Plazen Ausgruewungen a Ruine vun der antiker Stad Karthago besichen; esou och den ale réimeschen Amphitheater, an deem déi Helleg, déi mir um 7. Mäerz feieren, hiert Martyrium erlidden hunn : d’Perpetua an d’Felicitas.

D’Perpetua, gebuer ëm 181, staamt aus adleschem Haus, war bestuet a war Mamm vun engem klenge Jong vun e puer Méint. D’Felicitas hirersäits war hir Sklavin an huet e Kand erwaart. Béid Fraen hunn sech zesumme mat dem Saturninus, dem Secondulus an dem Revocatus op d’Daf virbereet. Als Katechumenen goufen si vun de Réimer verhaft, an de Kerker geworf an zum Doud veruertdeelt, well si hirem chrëschtleche Glawen net ofschwiere wollten. Och all Versich vun der Perpetua hirem Papp, seng Duechter vun hirem Glawen ofzebréngen, fir esou wéinst hirem klenge Bouf dem Martyrium ze entgoen, hunn näischt bruecht.

D’Perpetua stoung – wéi hir Gefährten – trei zu Christus, an äntwert voller Entschlossenheet hirem Papp: „Ech ka mir nëmmen ee Numm ginn, dee seet, wat ech sinn: Chrëschtin.“

Am Kerker hunn d’Perpetua an d’Felicitas d’Daf empfaangen an d’Felicitas huet – zwee Deeg virum Martyrium – hiert Kand, e Meedchen, op d’Welt bruecht. A Gefaangeschaft hat d’Perpetua och verschidde Visiounen. Dës symboliséieren hire feste Glawen, hir Victoire iwwert den Däiwel an d’Gewëssheet an d’himmlescht Paradis ze kommen als Loun fir d’Martyrium, dat si am jonken Alter vun 22 Joer am Amphitheater zu Karthago sollt erleiden. Zesumme mat der Felicitas an hire Gefährten gouf si de 7. Mäerz bei der grousser Gebuertsdagsfeier zur Éier vum Getas, dem Jong vum Keeser Septimus Severus, de wëllen Déiere virgeworf a schwéierverletzt duerch d’Schwäert higeriicht.

An där bekannter „Passio SS. Perpetuae et Felicitatis“, beschreiwt d’Perpetua selwer hiert Schicksal am Kerker, an en zweete fréichrëschtlechen Auteur an Aenzeien ergänzt hiren Text spéider duerch d’Schilderung vum Martyrium.
D’helleg Perpetua an d’Felicitas gehéieren deemno zu den éischte Märtyrerinnen, deenen hiert Schicksal zouverlässeg iwwerliwwert ass.
D’Tatsaach, datt béid Frae bis haut am réimesche Kanon, dem éischten Héichgebiet vun der Massfeier, genannt ginn, ënnersträicht hir fréi Veréierung als Märtyrerinnen vun eiser Kierch.

Helleg Perpetua a Felicitas,
biet fir all Katechumenen an all déi, déi um Ouschterfest gedeeft ginn, a fir äis all.

(Text: J.-P. REINERS)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement