Hl Rabanus Maurus

4. Februar

Wien kennt de net, de berüümten Helleg-Geescht-Hymnus „Veni, Creator Spiritus“.
Zougeschriwwe gëtt dësen Hymnus dem hellege Rabanus Maurus, deem säi Gedenkdag de 4. Februar begaange gëtt.
Gebuer ëm 780 zu Mainz als Jong vun adleschen Elteren, koum hie mat ongeféier 9/10 Joer als Oblat an d’Benediktinerklouschter op Fulda, wou hien am Geescht vum angelsächsegen Mönchstum reliéis a wëssenschaftlech erzu gouf.
No senger Diakonewei 801 war hie kuerz um Haff vum Keeser Karl dem Groussen täteg a Schüler vum grousse Geléierten Alkuin, deen dem Rabanus och säi Bäinumm ‚Maurus‘ ginn huet.
No weidere Studie vu Bibel, Liturgie an Droit zu Tours a nom Doud vum Alkuin, goung de Rabanus Maurus 804 zréck op Fulda, wou hien an der Klouschterschoul fir d’éischt ënnerriicht huet an duerno Direkter gouf.
814 gouf hien zum Priister geweit a vun 822 bis 842 huet hien d’Benediktinerklouschter als Abt geleet.
Ënnert senger Leedung huet sech d’Klouschter zum geeschtegen Zentrum vum Ostfränkesche Raum entwéckelt.
Dem Rabanus Maurus seng villfälteg Schrëften ëmfaassen ënner anerem philosophesch-theologesch a politesch Wierker, wéi och Kommentaren zur Helleger Schrëft.
Aus politesche Grënn huet hien 842 säin Amt als Abt niddergeluecht a sech an d’Klouschter Petersberg bei Fulda zréckgezunn, bis hien 847 zum Äerzbëschof vu Mainz ernannt gouf. Dëst Amt sollt hie bis zu sengem Doud de 4. Februar 856 ausüben.
Begruewe gouf de groussen Theolog a vun de Leit séier als Hellege veréierte fir d’éischt zu Mainz, éier seng Reliquien 1515 op Halle an der Saale a spéider op Aschaffenburg iwwerfouert goufen.
Méi ass vu senge stierflechen Iwwerreschter net gewosst; dem Rabanus Maurus säi Graf ass bis haut onbekannt.
Als ee vun de gréisste Geléierte vu senger Zäit krut hien de Numm „Praeceptor Germaniae“ („Lehrer Germaniens“) a gëllt bis haut als eng vun de wichtegste Gestalte vun der sougenannter karolingescher Renaissance vum 9. Jorhonnert.
Hellege Rabanus Maurus, biet fir d’Theologen, d’Seminaristen a fir äis all.

(Text: J.-P. Reiners)


Zeréck op "Den Hellege vum Mount ..."

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement