
|
|
Séilege Marcel Callo19. Abrëll„Je sens à tout moment le Christ à mes côtés. Il est mon soutien et mon réconfort. Sans lui, je ne sais ce que je deviendrais.“ Als zweet vun néng Kanner, koum hien de 6. Dezember 1921 zu Rennes op d’Welt a wiisst an enger ganz reliéiser Famill op. Engagéiert bei de Massendénger a bei de Scouten, ass hien och ganz fréi der Beweegung „La Croisade eucharistique“ bäigetratt, déi him d’Léift zur Eucharistie fir säi ganz Liewen apräge sollt. Mat 14 Joer huet hien seng Léier als Typographen ugefaangen an huet d’Aarbechterwelt kenne geléiert. An där Zäit – vu sengem missionaresche Glawe gedrängt – gouf hie Member vun der „Jeunesse ouvrière chrétienne“ (JOC), wou hien duerch seng grouss Féierungsqualitéiten séier zum Sektiounsleeder opgestigen ass a sech mat vollem Engage- ment fir d’Rechter vun den Aarbechter a fir d’Botschaft vu Léift a Solidaritéit agesat huet. Am Mäerz 1943 – dräi Deeg nom Doud vu senger Schwëster Marie-Madeleine, Affer vun engem Bombardement – gouf de Marcel Callo vum „Service du travail obligatoire (STO)“ agezunn an op Zella-Mehlis an d’Thüringen deportéiert, wou hien an engem Rüstungsbetrieb schaffe sollt. Bei sengem Départ sot hien: „Je ne pars pas en travailleur, je pars en missionnaire.“ Mat der Begrënnung, hie wier ze kathoulesch a géif géint de Nationalsozialismus agéieren, huet d’Gestapo de Marcel Callo de 19. Abrëll 1944 verhaft an an de Prisong op Gotha bruecht. Als „Märtyrer vun der Aarbechterjugend“ huet de Poopst Jean-Paul II. de Marcel Callo de 4. Oktober 1987 zu Roum séileg gesprach a säi Gedenkdag op den 19. Abrëll, den Dag vu senger Verhaftung duerch d’Gestapo, festgeluecht. Séilege Marcel Callo, biet fir eis Jugendlech, a fir äis all. (Text: J.-P. REINERS) |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
