lb fr

Krankensalbung
L’onction des malades

Am Liewen ginn et Momenter wou et engem net gutt geet,
well den Alldag vu Suergen, Leed a Krankheet bestëmmt gëtt.
An dëse Momenter, si mir besonnesch fragil
a brauche Mënschen ëm äis, déi fir äis do sinn,
déi äis begleeden a Kraaft schenken.
A sou Momenter kann Krankensalbung hëllefen.

D’Krankensalbung ass dozou bestëmmt fir Trouscht a Kaaft ze schenken.
Gott steet eis bäi, well hien eis gär huet a wëll datt et eis gutt geet.

D’Salbung vun der Stier an den Handflächen mat dem Ueleg vun der Krankensalbung weist eis:
Jesus Christus huet eis gär.
Christus selwer schenkt dem Mënsch
duerch d’Salbung mat dem Krankenueleg, Kraaft a Courage.

Esou kann d’Krankesalbung engem hëllefen,
gestäerkt duerch dës schwéier Phasen am Liewen ze goen.

Leider gëtt nach vill ze oft d’Krankensalbung mat dem “läschtem Ueleg” verwiesselt.
Esou ass et net – d’Krankensalbung soll eng Hëllef, en Trouscht, eng Stäerkung sinn, fir duerch d’Krankheet, duerch schwéier Momenter vun eisem Liewen, ze goen an eis esou op de Wee vun der Besserung ze begleeden.
Dat kënne ganz verschidde Situatioune sinn ewéi z.B. eng schwéier Krankheet, virun enger Operatioun …


Praktesch Informatiounen zu der Krankensalbung


Krankekommioun - Kommioun Doheem


Stierffall – Kierchlech Begriefnis . Décès – enterrement religieux


zeréck op d’Sakramenter


(in Deutsch – en français – em portugês – in english)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement