Aktuelle Parbréif - lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 17.10. - 29.11.2026
Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

UM WEE MAT GOTT AN DE MATMËNSCHEN…

Wann d’Schoulzäit erëm ugeet, dann ass dat och ëmmer dee Moment wou mir déi éischt Schrëtt Richtung Kateches maachen. Et ass wichteg ze verstoën, datt mir an de Katechesegruppen net einfach just e Wësse mat op de Wee kréien, neen, an der Kateches erliewen a pfleege mir eng lieweg Bezéihung zu Gott. De Parcours vun der Kateches ass ganz einfach e Wee, wou mir Gott a Säi Message ëmmer méi kënne kenneléieren a wou mir a Senger Gemeinschaft eist Liewe kënne gestalten.

Vill Kanner, Jonker an Erwuessener sinn a verschiddene Gruppen ageschriwwen an zesummen heescht et Gott ze entdecken an a Sénger Léift Zukunft opzebauen. Jidderee vun äis ass beruff, säi Glawen authentesch ze liewen an esou e Kompass ze si fir déi, déi mir am Alldag begéinen.

Wa mir op Allerhellegen an Allerséilen un déi Helleg an un all eis Verstuerwen denken, dann erënnere mir äis dorun, datt och mir selwer an hinnen e Kompass geschenkt kritt hunn. Se sinn äis e Virbild, wat et bedeit duerch a mat Gott de Wee ze goën a wat et bedeit eng Plaz am Räich vu Gott geschenkt ze kréien. De Glawen ass e Geschenk an et heescht Bezéihung ze liewen, mat Gott an eise Matmënschen, jo, beschenkt ze ginn a selwer anerer ze beschenken.

Sainte Thérèse de Lisieux, sainte Cécile, sainte Barbe et saint François ne sont que quelques-uns des nombreux saints qui nous accompagnent tout particulièrement en cette période. À travers leur vie, nous comprenons ce que signifie vivre de l’amour de Dieu et concrétiser cet amour dans l’amour du prochain.

Toute notre vie est un cheminement dans notre relation avec Dieu et, de ce fait, nous sommes tous engagés dans un parcours catéchétique. Nous voulons célébrer dans la joie les fêtes qui s’annoncent et reconnaître en Jésus-Christ celui qui est notre Sauveur et notre Rédempteur.

Abbé Romain RICHER

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement