Aktuelle Parbréif - lettre paroissiale actuelle

Parbréif - Lettre paroissiale 18.07. - 13.09.2026
Hei kënnt der iech de Parbréif ukucken.
Ici vous pouvez consulter la lettre paroissiale.

PLAZE VU ROU SICHEN ...

Wann een d’Klouschter vun Orval besichtege geet, da fällt engem ganz séier op, datt et en Équiliber zwëschen der Vergaangenheet, der Géigewaart an der Zukunft gëtt. Op der enger Säit weisen d’Ruinen op d’Wuerzele vum Klouschter hin, se erziele vun der Geschicht an op der anerer Säit steet niewendrun d’Klouschter mat der grousser Kierch, en Ensembel, dee mat vill Liewe gefëllt ass.

Virun allem sinn et awer déi vill Plazen, déi zu enger Paus, enger Rou alueden. An och dorëms geet et an dësem berühmte Klouschter: et kritt een d’Méiglechkeet geschenkt, einfach emol aus dem Alldag erauszeklammen an zu Rou ze kommen. An ass et net genee dat, vun deem esou vill Psalmen an och soss Bibeltexter am allgemenge schwätzen ... zu Rou ze kommen, bei Gott an duerch Gott!

An d’Klouschter vun Orval lued äis genee dozou an: sech ze engagéieren, kreativ matzewierken an dëser Welt ... a sech awer och ëmmer nees Momenter ze gënnen, déi entspanen, déi äis nees Kraaft schenken, déi äis de Wee weisen ...

Ech wënschen äis all eng geseente Vakanzenzäit! Schenke mer äis trotz viller Aarbecht a Projetën ëmmer erëm Momenter vum Entspanen ... jo et heescht elo Plaze vu Rou ze sichen ... firwat net emol zu Orval ...

La période estivale nous offre l’occasion de trouver le repos, oui, nous pouvons nous remettre entièrement entre les mains de Dieu et trouver auprès de Lui le repos dont nous avons besoin.

C’est le moment de retrouver nos familles et nos amis et de puiser de nouvelles forces dans cette communion. En pré-sence de Dieu, nous faisons l’expérience de cette force… L’essentiel est simple-ment de ralentir le rythme et de trouver des lieux de repos et de tranquillité. Je nous souhaite à toutes et à tous de pas-ser de belles vacances avec beaucoup de moments de paix et de rencontre avec Dieu!

Abbé Romain RICHER

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement