Klauskapell Trënteng


- Patron: Heiliger Stephanus
- Zweiter Patron: Heiliger Rochus
- Dekanat: Osten
- Pfarrei: Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas (zur Kirche Trintingen gehörig)
- Gemeinde: Waldbredimus
- Titel: „Klauskapell“
- GPS: 49.57473599829334, 6.272443270596989

Text a Biller zesummegestallt vum Sebastien Meyers

D’Kapell um Stiefesbierg „Klaus"

Wann een vu Mutfert kёnnt an de Bierg erof an de Kiischtendall fiert, fällt engem rietserhand, eng kleng Kapellchen an d’Aen. Se trount héich iwwert dem Dall um Stiefesbierg verstoppt tёscht de schéine Kiischtebeem an ass virun allem owes duerch déi diskret Beliichtung gutt ze gesinn.

Et handelt sech ёm déi fréier Filialkapell vun Trёnteng, déi vill Joren als Einsiedelei d’Heemecht vun engem Klausner war, deem se haut hiren Numm „Klaus“ ze verdanken huet. An deem folgenden Artikel, wёlle mer Iech eng kleng Iwwersiicht ginn iwwert d’Geschicht vun dёser klenger Kapell, déi d’Bild vum Duerf prägt a vill al Geschichten ze erzielen huet:

(uklicken fir ze vergréisseren)

Geschichtleches:

Vermuttlech ass d’Kapell um Klausbierg ursprénglech als fréier Parkierch fir eng gréisser Par gebaut ginn an ass am Laf vun der Zäit ёmmer erёm nei opgeriicht ginn (fir d’läscht am 16. Joerhonnert). Am 13. Joerhonnert ass d’Kapell dunn agegliddert ginn an d’Par Waldbriedemes an ass als Filialkapell bliwwen.

Déi haiteg Kapell gouf warscheinlech 1401 gebaut, wourop Inschriften am nach erhalene Chouer hindeiten. Se hat 3 Altär, den Haaptaltor war dem Hellege Stephanus geweit.

D’Kapell war vun Ufank un dem Hellege Stephanus („Stiefes“) geweit, deen als éischte Märtyrer vun der Kierch veréiert gёtt. Zweete Patréiner ass dunn den Hellege Rochus ginn, e Peschthellegen.

„Kreuzigungsgruppe der Klause auf Stephansberg“
(uklicken fir ze vergréisseren)

Wärend ville Joren ass op der Klaus d’Fréimass gehale ginn an dach waren déi Kiischtendaller Leit forcéiert op Waldbriedemes an d’Houmass ze goen. Just op verschiddene Feierdeeg, déi eis aus den Iwwerliwwerunge vun der Vergaangenheet bekannt sinn, war eng feierlech Houmass an der Filialkapell. Dat war zum Beispill Stiefesdag, Ouschterméinden, Päischtméindeg, Mäertesdag, Rochusdag, Helleg-Kräiz-Dag an op Kiermesdag, den 9. Mee. Eng Zäit laang ass d’Kiermes och tёschent dem 21. an 29. September gefeiert ginn, a beim Paschtouer Nüsser de Sonnden no Mäertesdag.

Nodeems d’Kapell an d‘Par Waldbriedemes agegliddert gouf, hunn d’Schlasshäre vu Gondel an der Kapell eng Klaus ageriicht, eng Wunneng fir en Einsiedler, deen sech als Koschter ёm d’Kapell sollt bekёmmeren. Heibäi huet et sech virun allem ёm Uerdensbridder gehandelt, déi awer net geweit waren, also keng Patere waren an och keng Mass hunn dierften halen.

De Klausner huet gebiet, Handaarbechte gemaach, hat e klenge Gaart fir Geméis unzeplanzen an huet och nach Schoul gehale. Hien huet vill Liewensmёttel vun den Duerfleit geschenkt krut an huet och nёmmen dierfen heesche goen, wann hien net genuch hat fir ze iwwerliewen. Dee Waldbriedemesser Kaploun koum jorelaang op d’Klaus fir Massen ze halen. D’Wunneng vum Klausner war warscheinlech um Duxall ier se un d’Kapell ugebaut gouf an huet aus engem Dёsch, engem Stull, engem Bett an engem Uewe bestane.

Hei eng Oplёschtung vun de Klausner, déi bekannt sinn:

1690: Bonaventura Maréchal, e Franziskaner

1708: Brudder Gérard Bichel (1719 gestuerwen), deen, wou hie méi al ginn ass, e Brudder Felix Laloire bei sech krut

Brudder Bruno vun Duelem, 1725 gestuerwen

Brudder Macarius Linners vu Schёtter, 1733 gestuerwen

Klaus 1949
(uklicken fir ze vergréisseren)
Klaus 60er Jahre
(uklicken fir ze vergréisseren)

Jacobus Mandeler vu Köln, zu Roum an den Eremitenuerden agetrueden, 1742 zu Waldbriedemes begruewen am Graf vun den Eremiten nieft der aler Sakristeisdier, déi haut net méi existéiert.
Duerno war eng länger Zäit keen Einsiedler op der Klaus an zwee Kapléin hunn noeneen um Klausbierg gewunnt a Mass grad ewéi Schoul gehale: De Jean Friedrich Hildt an de Mathias Engel.

1760 koum dunn erёm en Ensiedler op d’Klaus: De Paulinus Wagner vu Miedernach, deen 41 Joer do sollt bleiwen. Hie war net nёmme Schoulmeeschter, ma och Buchbёnner an huet ёnnertaanerem en alt Massbuch an e Parregester fir d’Waldbriedemeser Kierch nei gebonn.

No him koum erёm kuerz e Kaploun op d’Klaus, de Franz Josef Mersch (erwähnt 1804), deen duerno vun zwee Klausneren, dem Brudder Xaverius (erwäänt 1813) an dem Brudder Ambrosius (Brudder vum drёtten Uerde vom Berge Karmel, 1814 erwäänt) ofgeléist gouf.

Weideres aus der Geschicht:

Fréier war op Stiefesdag e Gesindemaart an e grousst Volleksfest bei der Klauskapell. Interessant ze erwäänen ass an dёsem Zesummenhang, dass de Paschtouer Nüsser sech och doriwwer beklot, dass déi Daller Leit op Stiefesdag ze vill Branntewäin op dёsem Festdag drénken. Esou gouf 1755 zu engem Interdikt iwwert d’Klaus gesprach, dat dёs Zoustänn verbitt. Op Wonsch vum Schlasshär vu Gondel, dem Philipp-Jakon de Flesgin, huet deen deemolege Weibёschof dёst Interdikt den 23. Oktober 1756 opgehuewen.

1807 gouf dunn d’Filial Stiefesbierg vum Metzer Bёschof Gaspard-André Jauffret zur Par erhuewen an duerch en Dekret vum Keeser Napoleon bestätegt. Et gouf e Paschtouer ernannt mat eegener Pai, allerdéngs huet deen nie do gewierkt, well déi nei Par weder en Härenhaus nach e Kierfecht hat an och d’Strooss fir erop op d’Klaus an engem desolaten Zoustand war.

Esou war de Stiefesbierg bis 1827 eng Geeschterpar mat 4 ernannte Paschtéier, déi sech ni do gewisen hunn a weiderhin dem Briedemeser Kaploun d’Aarbecht iwwerlooss hunn. Et waren de Christoph Schumacher vun Hesper (1809-01.12.1812), Michel Schroeder (bis 1815), den Heinrich Kreps (bis 1819, Kaploun zu Mutfert) an de Pierre Hemes vu Groussbous (01.07.1819-01.04.1827, Kaploun zu Mutfert). Just bei deenen 2 leschtgenannte kéint et sinn, dass si fir déi Mutferter an Daller Leit d’Fréimass op der Klaus gehal hunn. Nach méi verwirrend ass et dowéinst, dass vun 1811 bis 1826 och nach e Kaploun vun der Par Stiefesbierg, den Nic Jaminet, soll do gewierkt hunn.

1812 krut d’Kapell eng nei Klack fir e Präis vun 61 franc an 11 sous.

Eng Kiercherechnung aus dem Joer 1818 erwäänt, dass de Schleier vun der Muttergottes gefléckt ginn ass, wat en Hiweis dorop ass, dass schon deemools eng bekleet Statue vun der Tréischterin an der Kapell ze fanne war.

1827 huet sech dunn den Dippecher Buergermeeschter beim hollännesche Kinnek a beim Bёschof vun Namur beklot, dass déi Geeschterpar géif existéieren. Hien hat zu Dippech en neit Härenhaus, e Kierfecht an eng Kierch am gudden Zoustand a wollt, dass Dippech zu enger neier Par sollt erhuewe ginn a sollt e Paschtouer kréien, wat de Kinnek awer net konnt maachen, well hien d’Unzuel vun de Paren net wollt eropsetzen.

An esou koum et dozou, dass d’Par Stiefesbierg de 7. Januar 1827 opgehuewe gouf an de Paschtouer Péiter Hemes op Dippeg versat gouf, dat zur Par erhuewe gouf.

D’Kapell um Klausbierg ass ёmmer méi verfall a vernoléisseg ginn an deene Joren, déi duerno sollte kommen.

Vermuttlech gouf schonn 1839 e Kaplounshaus zu Trёnteng gebaut, an deem och Schoul gehale gouf.

1848 beschreift de Kiercherot vu Waldbriedemes d’Klaus an engem desolaten Zoustand a weist dorop hin, dass d’Kapell dréngend misst an d’Rei gesat ginn.

Mais et koum ganz anescht: Den 28. Juli 1851 ass Trёnteng op en neits duerch kinneglech-groussherzogleche Beschluss zu enger Par erhuewe gi mat Usproch op e Paschtouer, deen e Staatsgehalt kritt. D’Kapell um Klausbierg gouf zur Sukkursalkierch erhuewen a vu Waldbriedemes ofgetrennt. Dёs Entscheedung gouf de 25. Februar 1853 duerch den apostoulesche Vikar Jean Théodore Laurent bestätegt an esou gouf den Här Paschtouer Jacques Kirpach op Trёnteng ernannt. Hie gouf den 3. Mäerz 1853 an der Klauskapell, déi elo zur neier Parkierch gouf, feierlech installéiert.

Séier war kloer, dass déi kleng Kapell als Parkierch net gёeegent war an et gouf decidéiert eng nei Kierch ze bauen. Déi éischt Devise goufe schon den 31. August 1853 geneemegt. No 3 järeger Bauzäit konnt déi nei Kierch 1857 ageweit ginn.

Et war eng verhängnisvoll Decisioun fir d’Kapell um Klausbierg: Nodeems déi Kiischtendaller Leit elo eng nei gréisser Parkierch haten, gouf mat enger Deliberatioun vum 1. Mäerz 1859 entscheet déi al Kapell bis op de Chouerraum ofzerappen.

Kuerz dorop, am Joer 1860 gouf dunn leider e wäertvollt Reliquiegefäß aus dem Héichaltor geklaut, dat den 3. Mee 1657 bei der Altorwei duerch de Bёschof Franz Otto vun Azote ageluecht gouf.

Erntedankfest 1939
(uklicken fir ze vergréisseren)
Klaus vor der Restaurierung
(uklicken fir ze vergréisseren)

Nodeems d’Iwwerreschter vun der Kapell e puer Joren a Vergiessenheet gerode sinn an de Chouer ёmmer méi verfall ass, koum ёnnert dem Paschtouer Michael Albert Molitor neie Schwong an déi ganz Saach. Hie war e grousse Veréierer vum Hellege Stephanus an dowéinst wollt hien d’Kapell als Sanctuaire erёm opwäerten.

Op seng Initiative hin huet den Architekt A.P. Kemp de 14. Januar 1884 Devise fir d’Restauratioun vun den Iwwerreschter vun der Kapell agereecht. D’Aarbechte goufen an de Joren 1889 bis 1891 ausgefouert an d’Klaus ass an neiem Glanz erstrahlt, sou dass erёm ёfters Massen a Prёssessiounen do ofgehale goufen.

1893/1894 huet de Paräisser Konschtstudent Marius Grenier, deen ёm 1890 seng Vakanz am Dall verbruecht huet, zwee grouss Biller gemoolt, déi laang Zäit am Chouer vun der Klauskapell gehaang hunn. Haut hänken dёs 2 Biller, déi 2009 vum Aurélie Briot restauréiert goufen, am Chouer vun der Kierch. Se weisen de Paschtouer Michael Albert Molitor, dee virum hellege Stephanus knéit wärend eng Prёssessioun op d’Klaus eropgeet an 2 Engelen, déi Christus um Kräiz déi restauréiert Klauskapell iwwerreechen.
1923 gouf de Festdag, op deem alljärlech eng Mass op der Klaus gehale gouf, vum 26. Dezember op den éischte Sonnden am August verluecht, de Sonnden nom ale Fest vun der Auffindung der Reliquien des Hl. Stephanus (2. August).

Een Highlight an der Geschicht vun der Par Trёnteng an Zesummenhang mat der Klauskapell ass sёcher d’Erntedankfest 1939, wou eng feierlech Andacht a Presenz vun zuelräichen Éieregäscht an dem Bёschof Joseph Philippe virun der Kapell ofgehale gouf.

Op Initiative vum Paschtouer Aloyse Biel krut d’Kapell 1953 nei faarweg Glasfёnstere vum Gustave Zanter an 1954 en neien Daach an en Daachraider a gouf duerno restauréiert, sou dass 1957 eng feierlech Aweiung konnt stattfannen.

An deem Kader gouf och e Lidd geschriwwen zu Éieren vum Hellege Stephanus an eng Stefanusfigur aus Holz vum Albert Kratzenberg gouf geseent. An den Här Biel war esou sou dichteg am Kader vun de Festlechkeeten en Theaterstéck iwwert d’Klaus ze schreiwe mam Titel „Am Schied vun der Stiefesklaus“, dat am 18. Joerhonnert spillt.

De 5. Mäerz 1991 gouf dunn op Initiative vum Gemengerot ёnnert dem Buergermeeschter Josy Ruppert d’Klasséierung vun der Kapell ugefrot, déi dunn och den 31. Mee 1991 ugeholl gouf. Et war de Grondstee fir eng erneit Restauratioun vun der Klauskapell an der Plaz ronderёm. 1993 gouf de Contract mam John Voncken vun Aassel ёnnerschriwwen an de Projet konnt ufänken. An deem Kader goufen 1996 och Ausgruewungen duerchgefouert, bei deenen e Keller an e puer Skeletter fräigeluecht an dokumentéiert goufen. 1997 huet dunn de Romain Schmitz als Architekt de Chantier iwwerholl. D’Aarbechten un der Klaus hu vum Juni 1999 bis de Mee 2000 gedauert. Während der Renovatioun gouf och déi barock Kräizegungsgrupp restauréiere gelooss an an der Kierch opgehaangen. Op den Altor vun der Klaus koum en einfacht gehaalend Kräiz.
De 24. Juni 2001 konnt déi éischt feierlech Mass op der Klaus vum deemolege Kaploun Bert Deischter gehale ginn an d’Klaus gouf den 12. Mee 2002 bei engem Festakt duerch den Dechen Théophile Weyrich, Parverwalter vun Trёnteng, ageweit.

(uklicken fir ze vergréisseren)

Haut si leider nёmmen nach seele Gottesdéngschter an der klenger Kapell: Nieft e puer Hochzäite gouf och dacks den Te Deum op Nationalfeierdag an eng Mass op Stiefesdag an der Kapell gefeiert.


D’Kapell um Stiefesbierg „Klaus“
PDF fir erofzelueden

Link auf „Kirche Trintingen“

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement