|
TRINTANGE, Trintingen, Trënteng• Dekanat : Osten Text a Biller zesummegestallt vum Sebastien Meyers Geschicht vun der Kierch TrëntengDen 28. Juli 1851 ass deen éischte Schrёtt gemaach gi fir e laang ersehnte Wonsch an Erfёllung goen ze loossen: Duerch kinneklech-groussherzogleche Beschloss gouf Trёnteng zu enger eegener Succursal erhuewen a vun der Par Waldbriedemes ofgetrennt. Domadder hat d’Duerfgemeinschaft den Zousproch fir en eegene Paschtouer krut, deen e Staatsgehalt sollt kréien. Dёs Entscheedung gouf vum Apostoulesche Vicaire Jean Théodore Laurent de 25. Februar 1853 bestätegt an Trёnteng mat de Filialen Ierseng a Réidt gouf zur eegener Par erhuewen. Déi éischt Parkierch sollt d’Klauskapell ginn, déi dem Hellege Stephanus geweit gouf. Séier war allerdéngs kloer, dass dёs Kierch fir d’Séilsuerg am Duerf ze kleng war an dass eng nei Kierch misst gebaut ginn. Op dёser Plaz wёlle mir Iech déi wichtegst Statioune vun der Geschicht vun eiser Parkierch virstellen: Schonn am Joer 1846 hunn dräi Baueren aus dem Duerf, de Jean Bour, de Jean-Baptiste Ruppert an de Jean Goedert dem Nicolas Ehlinger dräi Stécker vermaacht, déi nieft dem Kaplounshaus an dem Paschtoueschgaart louche, ёnnert der Konditioun, dass dёs Stécker herno fir de Bau vun engem kommunale Gebai verwennt ginn. Selbstverständlech war deemools de Gedanken derhannert, dass dёst Gebai déi spéider nei Kierch sollt ginn. De 4. Dezember 1851 ass et dann och esou wäit an d’Gemeng keeft dem Här Ehlinger den Terrain fir de Bau vun enger neier Parkierch an engem Kierfecht of. Den 3. Mäerz 1853 gouf de Jacques Kirpach vu Mamer als éischte Paschtouer vun der neigegrёnnter Par feierlech an der Klauskapell installéiert. Dёs Feier gouf presidéiert vum Deche vu Réimech. An engems gouf ёnnen am Duerf deen neie Kirchhof, de spéidere Kierfecht, ageseent. Den 31. August 1853 goufen éischt Devise fir de Bau vun enger neier Parkierch duerch de Gemengerot geneemegt. D’Pläng fir de Bau goufe vum Éierestaatsarchitekt Charles Arendt ausgeschafft. Den 9. Oktober 1854 konnt de Grondstee vun der Kierch geluecht ginn, deen duerch den Här Paschtouer Mersch vu Waldbriedemes am Optrag vum Apostoulesche Vicaire Adames ageseent gouf. 1857 konnt de Bau vun der neier Kierch dann ofgeschloss ginn an et gouf ugefaang déi al Miwwele vun der Klauskapell an déi nei Kierch ze bréngen. Den 8. November gouf d’Kierch provisoresch vum Deche vu Réimech ageseent, 1 Dag nodeems de Provicaire Adames den Hellege Stephanus zum éischte Patroun an den Hellege Rochus zum zweete Patroun vun der Kierch ernannt huet. Den 8.Oktober 1866 konnt en Devis fir en neien Héichaltor fir 2700 Frang genehmegt ginn. Wéini déi 2 Säitenaltär ugeschaaft goufen ass leider net bekannt. Am Héichaltor fёnnt een op der Epistelsäit den Hellege Rochus, zweete Patroun an op der Evangeliesäit den Hellege Stephanus, Patroun vun der Kierch. Dёsen Altor gouf dann och den 9. August 1871 zesumme mat der Kierch vum Nicolas Adames konsekréiert, deen d’Kierch als eng vun deenen éischte Kierchen am Land der onbefleckter Empfängnis geweit huet. De Kiermesdag gouf op de Sonnden nom 3. November festgeluecht. Den Här Paschtouer Molitor war e grousse Veréierer vum Hellege Stephanus a wollt net richteg akzeptéieren, dass seng Kierch der onbefleckter Empfängnis geweit ass an den Hellege Stephanus doduerch a Vergiessenheet geréit. Dowéinst huet hien 1873 eng Demande un de Bёschof Adames gemaach fir eng Prёssessioun dierfen ofzehalen op Stiefesdag an an engems gefrot fir den Hellege Stephanus zum „patronus loci“ also zum Patroun vum Duerf ze erklären. D’Prёssessioun gouf geneemegt, d’Fro zum Patréiner awer ignoréiert. Mais de Paschtouer Molitor huet net labber gelooss an 1884 no enger Absolutioun fir seng Parkanner um Fest vum Hl. Stephanus gefrot. Och dat gouf ofgelehnt. Schlussendlech huet hien sech un de Bёschof Koppes an de Popscht Leo XIII gewend, deen dunn de 16. Mäerz 1894 den Hellege Stephanus zum Duerfpatroun vum Kiischtendall ernannt huet, wat de Paschtouer Molitor feierlech um Priedegtstull verkёnnegt huet. 1893 ass et dem Paschtouer Molitor gelongen eng Reliquie vum Hellege Stephanus fir d’Par unzeschafen. Schon am Joer 1880 gouf dem Paschtouer Molitor an deene Responsabele vun der Par bewosst, dass hier Kierch fir eng ёmmer méi grouss Gemeinschaft ze kleng wier a misst vergréissert ginn an esou gouf deen haitege Chouer mat enger neier Sakristei un d’Kierch ugebaut. Am Abrёll 1880 huet de Kiercherot dofir e Subsid bei der Gemeng ugefrot a konnt den 19. Dezember de Kontract mam Pierre Hilger vu Schёtter ёnnerschreiwen. Wéinst den Aarbechten hunn de Héichaltor an d’Kierch den 28. August 1882 nach eng Kéier misse konsekréiert ginn. Am September 1881 konnten d’Aarbechten ofgeschloss gi fir 8357 Frang, déi duerch Hauskollekten opbruecht gi sinn. Bei deeёr Geleeёnheet gouf och op der 1878 ugeschaafter Dalstein & Haerpfer gespillt, déi 1887 an 1899 erweidert ginn ass, an 1951 elektriséiert gouf. Vermuttlech krut d’Kierch 1885 nei Kierchefёnsteren. 1894 huet dunn och déi nei Patréinesch, eng Immaculatastatue, hier Plaz iwwert dem Kiercheportal fonnt, wou si nach bis haut steet. Dem Paschtouer Molitor war et och wichteg eng nei Ariichtung an der Kierch unzebréngen an esou gouf entscheet eng Holzvertäfelung fir 3963 an nei Bänke fir 4219 Frang unzeschafen. Och e Kräizwee gouf am Joer 1884 fir 1400 Frang ugeschaaft grad ewéi en Kommuniounsbänk aus Marber am Joer 1898. 1901 krut den Héichaltor nei Träppleker aus wäissem Marber an 1903 goufen 2 Beichtstill fir 815 Frang ugeschaaft zousätzlech zu deenen 2 Beichtstill, déi een aus der Vertäfelung erausklappe kann. Am Joer 1908 gouf dann de Moler Dominik Braun engagéiert fir d’Kierch mat Molereien ze verschéineren. Haut sinn dёs Molereien leider net méi erhalen. D’Onkäschten hunn sech op 2265 Frang belaf. Et gouf och eng kleng Muttergottesfigur op d’Spёtzt vum Héichaltor gestallt, déi allerdéngs no e puer Joren huet missen duerch eng Lourdesstatue ersat ginn. Fir dass déi Gleeweg am Wanter net sollte fréiere, gouf 1919 decidéiert eng nei Heizung unzeschafen, déi vun der Gemeng bezuelt gouf mat engem Virschoss vum Paschtouer Betrang. Hien huet och d’Sakristei a senger Amtszäit renovéiere gelooss. A Rechnungen aus dem Joer 1924 ginn Aarbechten un den 2 Säitenaltär ervir, wou 4 Statuen ergänzt goufen. Am Joer 1930 goufe gréisser Aarbechten un der Fassad vun der Kierch gemaach vun engem Här Weber. 1950 ass deen ale Kierfecht eng éischt Kéier erweidert ginn 1951 gouf du vum Paschtouer Biel schonn erёm eng nei Heizung ugeschaaft, dёst mat Hёllef vun engem Subsid vun der Gemeng an 1952 den Daach erneiert. Dem Här Biel louch déi Daller Kierch immens um Häerz an esou huet hien sech dofir agesat d’Kierch fir d’Honnertjoerfeier vun der Par mat Spenden vu senge Parkanner (400.000 Frang) renovéieren ze loossen. Esou goufen an de Joren 1953 bis 1955 eng ganz Rёtsch Aarbechten an der Kierch ausgefouert: Déi fréier Spёtzt vum Héichaltor, an deeёr eng kleng Lourdesmadonna stoung, gouf duerch eng massiv Holzstatue vun der Notre-Dame de Trintange, engem Abbild vun der Médaille miraculeuse, ersat. Onkäschten heifir: 15.000 Frang, déi d’Joffere Catherine an Anna Engel iwwerholl hunn. Dёs Statue gouf vum Professer Albert Kratzenberg gemaach, deen och eng Statue vum Hellege Stephanus fir d’Klauskapell am Joer 1957 ugefäerdegt huet. Am Kader vum marianesche Joer goufe fir 220.000 Frang nei Glasfёnstere beim Gustave Zanter an Optrag ginn, déi déi verschidde Statiounen am Liewe vu Maria, der Gottesmamm duerstellen. Just 2 Fёnsteren am Chouerraum goufen net ersat a si bis haut erhalen. Verschidden aner Aarbechte goufen ausgefouert, esou goufen ёnnert anerem d’Molereie zum gréissten Deel iwwerstrach an am Chouer duerch laténgesch Sprёch ersat. (Onkäschte fir déi nei Ausschmückung vun der Kierch; 100.000 Frang). Och nei elektresch Luuchte konnte fir 30.000 Frang agebaut ginn. Vum 5. bis den 12. Dezember 1954 goufen dunn am Kiischtendall d’Feierlechkeeten zum honnertste Jubiläum vun der Kierch a vun der Par ofgehalen. An deem Kader huet den Här Paschtouer Biel eng Festbroschür erausginn mat der Geschicht vun der Par Trёnteng. Den 12. Dezember war eng feierlech Pontifikalmass mat uschléissender Andacht mёttes, wou d’Statue vun der Notre-Dame de Trintange ageseent an d’ganz Par ёnnert de Schutz vun der onbefleckter Empfängnis gestallt gouf. Den 12. Mäerz 1961 konnten 2 nei Klacke fir d’Trёntenger Kierch geweit ginn, dorёnner ёnnert anerem de Christkönigsbourdon, deen 1800kg weit. 1966 krut d’Kierch eng nei Fassade, 1967 eng nei Heizung, eng nei Eisendier an der Entrée grad ewéi eng nei Sakristeisdier aus Holz. Och d’Kiercheportal gouf nei ugestrach. 1967 krut d‘Kierch e Volleksaltor aus Holz. D’Kommuniounsbänk aus Marber gouf gedeelt an op de Säite vum Chouer opgestallt. D’Kierch gouf am Laf vum Joer 1967/1968 bannendra ganz nei ugestrach. Am Kader vun dёsen Aarbechte goufe souwuel d’Säitenaltär ewéi och de Priedegtstull ewechgeholl, eng Decisioun, déi haut leider vu villen Daller Leit bedauert gёtt. Interessant an erstaulech ass heibäi dann e Vermierk am Déliberatiounsregester vum Kiercherot vum Abrёll 1968, wou steet, dass dёs Verännerunge „zur Zufriedenheit aller Pfarrangehörigen waren und der Kirche zu Gute kamen“. Op d’Plaz vun de Säitenaltär sinn eng nei Statue vun der Tréischterin an eng Statue vum Hellege Jousef getrueden. Och déi al Gipsfigure aus de Säitenaltär goufen duerch Holzfigure vum Hellegen Aloysius, der Mutter Anna, dem Hellege Franziskus an dem Hellegen Antonius ersat. Am Joer 1969 koumen dunn déi aal neogotesch Kräizweesstatiounen aus der Kierch eraus a goufen duerch méi modern an einfach Statiounen aus Holz ersat. Och eng nei Krёppche gouf ugeluecht. De fréiere Buedem aus aale schwaarz-giele Betongsplaque gouf duerch gréng a wäiss Plättercher ersat fir der Kierch en neie Charme ze ginn. Am Joer 1970 koum et zu enger Ofstemmung ёnnert de Parleit iwwert d’Bänken an der Kierch, wou entscheet gouf, dass d’Bänken duerch Still ersat ginn. Och dёs Entscheedung gёtt haut leider vu villen Daller Leit bedauert. Virun der Kierch gouf d’Denkmol als Erёnnerung un de Paschtouer Kirpach, dat an engem desolaten Zoustand war, ewechgeholl. Et gouf duerch eng einfach Plaque mat den Nimm vun de Geeschtlechen, déi zu Trёnteng gewierkt hunn, ersat. E puer Joer drop gouf och e Monument fir déi gefale Jongen op der Säit, wou d’Duxallstrap ass, opgehaangen. D’Kierch krut och nei Luuchten a Bulleform, déi vun der Madame Josephine Elinger gestёft goufen. Ёnnert dem Paschtouer Keilen krut d’Kierch dunn en neien Ustrach an den Daach gouf nei gedeckt (ёnnert dem Buergermeeschter Gengler). Scho virdrun ass de Kierchtuerm selwer nei gedeckt ginn an en neie Wiederhunn gouf installéiert (Buergermeeschter Rennel). Déi 2 Stécker vun der Kommuniounsbänk goufen zu engem Volleksaltor verschafft an en neien Ambo aus Marber gouf ugeschaaft. Deen alen Altor aus Holz gouf an d’Klauskapell gesat. Ёnnert dem Dechen Théophile Weyrich koumen dunn an den 90er Joren nei Luuchten an d’Kierch, se gouf nach eng Kéier nei ugestrach a krut eng nei Heizung. No der Renovéierung vun der Klaus gouf déi schéi Kräizegungsgrupp restauréiert a gouf an der Kierch op déi Plaz gehaang, wou virdrun den Hellege Jousef war, deen eng nei Plaz am Chouer fonnt huet. 2008/2009 goufen déi aal Kräizweestatioune vun der Molerin Laura Di Mola restauréiert an erёm an der Kierch opgehaang an de 25. August 2008 gouf déi restauréiert Dalstein & Haerpfer Uergel duerch den Dechen Théophile Weyrich feierlech ageweit. 2009 goufen dunn och déi zwee Biller vum Marius Grenier, déi 1893 an 1894 gemolt goufen, restauréiert an 2011 am Chouer vun der Kierch opgehaang. 2015 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert an 2017 mat der Opléisung vun der Par Trёnteng an der Agliederung an déi nei Par Dräilännereck Musel a Ganer zur Filialkierch degradéiert. An der Par Trёnteng goufe laang Zäit verschidde Fester am Laf vum Joer besonnesch gefeiert: 8. Dezember – Fest vun der onbefleckter Empfängnis – Patrozinium 26. Dezember – Fest vum Hellege Stephanus – Patroun vum Duerf; fréier ass eng Prёssessioun op d’Klaus eropgaangen, wou dann feierlech Kiermesmass war. Dёs Prёssessioun gouf dunn vum Paschtouer Collignin an den August verluecht op de Sonnden nom 3. August, deem fréierer Fest „Auffindung der Reliquien des Hl. Stephanus“ Härläichendag ass d’Prёssessioun vun der Kierch aus laanscht d’Weekapelle vun der Famill Schmit a Gevelinger bis op Réidt gaang bei d’Weekapell vun der Famill Goedert Märjendag (Maria Himmelfahrt) ass dann eng zweet Prёssessioun lanscht d’Weekapell vun der Famill Elinger op Ierseng bei d’Kapelle vun der Famill Fisch an der Famill Wolff-Engel gaang. Dёs Prёssessioun ass ursprünglech um Sonnden nom Fest vum Hellege Rochus an duerno um Rousekranzsonndeg gehale ginn. Um Rousekranzsonnden ass fréier eng Rousekranzprёssessioun duerch d’Duerf gaang an op den Deeg viru Christi Himmelfahrt meeschtens eng Bittprёssessioun op d’Klaus. Am Laf vun de Joren goufen och eng ganz Rёtsch Bruderschaften gegrёnnt, – Bruderschaft vom heiligen Rosenkranz (1862 - 1924) – Verein zu Ehren des heiligen Josephs (1871 - 1901) – Apostolat des Gebetes (1864 - 1933) – Hochlöbliche Bruderschaft des Göttlichen Herzens Jesu (1870 - 1926) – Bruderschaft vom heiligen und unbefleckten Herzen Mariä (1869 - 1926) – Kindheitsverein (1913-1927) – Dritter Orden des Hl. Dominikus (Paschtouer Scheer) – Dritter Orden des Hl. Franziskus (Paschtouer Collignon, 1922) Link auf "Klauskapelle Trintingen" |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement